D'Theaterstécker stoungen dëst Joer am Mëttelpunkt vum Nationalen Literaturconcours.

De Jury priméiert ënnert de knapp 50 Soumissiounen d'Stéck "Urd" vum Charel Meder. Et ass e satireschen Monolog, deen eng Ofrechnung mat der Lëtzebuerger Gesellschaft duerstellt. Den 1. Präis ass mat 7.500 Euro dotéiert.

De Charel Meder, Fils vum Auteur Cornel Meder, hat 2018 ewell deen zweete Präis am Nationalen Literaturconcours fir "Geheimdienstkönige" kritt.
 
An der Kategorie vun den Auteuren ënner 20 Joer geet den 1. Präis un d'Aimée Dhote fir hiert Stéck "It's raining Cats and Dogs".
 
D'Präisser ginn an engem Mount am Mierscher Literaturzenter iwwerreecht. Dat nächst Joer wäert de Präis dann un den Auteur vun engem Roman goen.