Tickete fir de Glastonbury-Museksfestival bannent 35 Minutten ausverkaaft

© AFP Archivbild
Wien nach Kaarte fir de legendäre Glastonbury-Museksfestival fir nächste Summer wollt, deen huet Pech.
Oder e muss op annuléiert Ticketen hoffen, noutfalls op de Schwaarzmaart zeréckgräifen. Sämtlech Tickete fir de Festival am Juni 2025 si vergraff. Se ware bannent enger gudder hallwer Stonn ausverkaaft.
"Merci u Jiddereen, deen Tickete kaf huet a sorry fir déijéineg, déi et verpasst hunn", hunn d'Organisateuren e Sonndeg de Moien op X geschriwwen, 35 Minutten nodeem Virverkaafsstart.
Eng kleng Hoffnung bleift nach
Am Fréijoer sollen déi Ticketen, déi annuléiert goufen oder net bezuelt gi sinn, nees an d'Vente kommen.
Normal Entréestickete fir de Festival vu 5 Deeg kaschten ëmgerechent 447 Euro an dobäi steet emol nach guer net fest, wien dëst Joer iwwerhaapt optrëtt.
Iwwer 200.000 Visiteure ginn tëscht dem 25. a 29. Juni 2025 u Terrain vu Worthy Farm am engleschen Duerf Pilton erwaart. Reegelméisseg triede Megastars do op. Dëst Joer waren d'Dua Lipa an d'Band Coldplay opgetrueden.