
Mat dëser Initiativ versicht den Trifolion, den ëffentleche Raum an eng grouss Theaterbün ze verwandelen an d'Kultur direkt bei d'Leit ze bréngen. Esou sollen d'Grenzen tëschent der Realitéit an duerstellender Konscht verschmëlzen.
Et solle virun allem ontypesch Plaze fir de Festival a Fro kommen a bei all Editioun wiesselen. Doduerch léiert een net nëmmen d'Produktioune vum Trifolion, mee gläichzäiteg och Iechternach a seng Geschicht kennen.
Fir déi éischt Editioun vum OFFSITE goufen d'Gärtnerei Millenoacht, d'Orangerie beim Iechternacher Lycée an d'Mistral Wine Bar erausgesicht.
Samschdes a sonndes gëtt et jeeweils deen nämmlechte Programm. Moies um 11 Auer geet et lass mat "Les vestiges du vivant" vum Regisseur a Festivalleeder Fábio Godinho, mam Maz a Jil Devresse. Hei geet et ëm zwee Wiesen, déi an engem Gaart liewen, deem seng zäitlech Grenze lues a lues verschwammen.
Um 14 Auer kritt een dann "Eng heemlech Séil" vum Jacques Schiltz, mam Marco Lorenzini, Claude Kraus a Sandrine Cantoreggi, ze gesinn. An deem heite Stéck gëtt ee ganz konkret mat der Geschicht vun Iechternach konfrontéiert: "En Archivar mécht sech op d’Sich no der heemlecher Séil vun Iechternach – mol a méi alen, mol a méi neien Texter vun Auteuren, déi hei gelieft a geschriwwen hunn."
Op en Enn geet de Festival um 16 Auer mat "Decant" vum Max Blom, mam Edsun a Jeff Thill. Op verschidden Aart a Weisen gëtt sech hei mat gesellschaftleche Konventiounen auserneegesat.
Den OFFSITE-Theaterfestival leeft vum 26. bis 27. September an ass fir jidderee gratis. Et muss een allerdéngs am Viraus eng Plaz reservéieren. Weider Informatioune fannt Dir um Site vum Trifolion.