An de Kinoen ass en neie Film vum Realisateur Eric Lamhène ugelaf.

"Hors d’Haleine", sou den Titel vum Film, dréint sech em haislech Gewalt a weist d’Liewe vu véier Fraen an engem Fraenhaus zu Lëtzebuerg.
 
Am Kader un der Orange Week gouf de Film och e Mëttwoch den Owend am Ciné Scala zu Dikrech gewisen an duerno huet de Regisseur op eng Table ronde zum Film invitéiert. Ausserdeem ginn och Virféierunge fir Schoulklassen organiséiert, déi och scho Jonker zum Thema haislech Gewalt sensibiliséiere sollen.
 
"Hors d’Haleine" zielt d'Geschicht vum Emma, der Fra vun engem Architekt, déi selwer haislech Gewalt erlieft huet an doropshin an e Fraenhaus kënnt. Hei léiert si aner betraffe Frae kennen, schléisst Frëndschaften, an zesummen hëllefen d'Frae sech iwwert déi schwéier Zäit ewech. All Fra huet ier individuell Problemer, déi all op reale Fäll baséieren.
 
Wärend Rechercheaarbechte fir en anere Film war de Realisateur Eric Lamhène Lëtzebuerger Fraenhaiser besichen an huet vill Gespréicher mat Betraffene gefouert. Anescht wéi erwaart huet hie keng düster an traureg Stëmmung an de Fraenhaiser virfonnt, mee e positiivt a familiäert Zesummeliewe gesinn. Dat huet hien dozou motivéiert, de Leit dobausse mat engem Film ze weisen, wéi et ass, als Affer vun haislecher Gewalt an engem Foyer zu Lëtzebuerg ze liewen.
 
De Film wäert nach an de kommende Wochen an de Kinoen ze kucke sinn. Méi Informatiounen zum Film fannt Dir hei.

De Realisateur Eric Lamhène war den 21. November och an der RTL-Emissioun "Kloertext", wou hie mat aneren Invitéen iwwer d'Thema haislech Gewalt geschat huet.