Et ginn ëmmer méi Fäll vun haislecher Gewalt. Läit dat just drun, dass sech méi Fraen trauen Doten ze denoncéieren, oder hëlt den Haass zou?

D’Affer, déi hu liewenslaang, wärend d’Täter vu physescher oder sexualiséierter Gewalt déi éischte Kéier esouguer mat Sursis dovukommen. Dat war eng vun de Feststellungen an der Sendung Kloertext, wou diskutéiert gouf, ob Gewalt géint Fraen zouhëlt, wat se mat den Affer mécht, a wou méiglecherweis Lächer am Gesetz sinn.

"D’Täter solle sech schummen, net d’Affer," sot d’Gisèle Pelicot, där hire Mann zouginn huet, iwwer zéng Joer hir systematesch Vergewaltegung organiséiert ze hunn.

Mä dat klappt awer nach net esou, seet d’Simone Flammang vum Parquet. Wat si gesäit, ass, datt et "d'Affer [sinn], déi sech schummen, déi sech meeschtens esou schummen, dass se mol iwwerhaapt net de Wee bis bei d'Police fannen. Dass se se sech kengem uvertrauen iwwert dat, wat hinne geschitt ass, a souguer, wa se dee schwéiere Wee opsechhuelen, fir eng Strofverfolgung unzestoussen, dann hu se keen einfache Wee. An déi Schimmt, déi se hu wéinst der Dot, déi hinne geschitt ass, ouni dass et hir Schold war, déi begleet se wärend deem ganze Prozess. An dat fannen ech ganz schued an dat fannen ech dramatesch.

D’Annette Michels, Member vun der Associatioun Stëmm vun den Iwwerliewenden, déi selwer Affer vu physescher a sexualiséierter Gewalt gouf, weess aus eegener Erfarung, wéi et ass, wann ee sech schummt, fir dat, wat en anere gemaach huet.

"Also et huet enorm laang gedauert. Ech wollt och ni hunn, dass ee soll wëssen, wat mir alles geschitt ass. Dat heescht, ech hunn e ganz groussen Deel vu menger Geschicht  verstoppt."

D’Isabelle Schroeder, d’Juristin vum Gläichheetsministère, seet awer och, datt et Ännerunge brauch, wann Täter bei haislecher Gewalt eng sougenannte Wegweisung ordonéiert kréien. Déi musse sech just eng Kéier bei der Begleetassociatioun "Riicht eraus" mellen.

"Et ass just en éischte Kontakt, fir am Fong den Täter bewosst ze maachen, wat ee gemaach huet. Esou eng Prise de conscience a fir dann och een ze responsabiliséieren. Mä mat enger Seance geet dat guer net duer. An dofir ass eise Wonsch, och do d'Gesetz ze stäerken, ze änneren, andeem expulséiert Täter missten dann och e Suivi thérapeutique maachen."

D’Presidentin vun der Associatioun Stëmm vun den Iwwerliewenden Anna Pinto huet op déi schwiereg Gesetzesännerung aus dem Joer 2018 higewisen, zanter där de Riichter muss begrënnen, firwat et kee Sursis gëtt, amplaz datt de verurteelten Täter muss weisen, datt hie Sursis verdéngt. Änlech gesäit dat och d'Premier Avocat Général um Parquet Simone Flammang.

Extrait Simone Flammang

"Mee ech fannen et ganz speziell schwiereg ze motivéieren, wann et zum Beispill eng ganz schlëmm Strofdot war, wéi eng Vergewaltegung vun engem Kand oder awer e Mord, fir dann ze soen, 'jo wat muss dann nach derbäi kommen, fir dass ee seet, deen Täter muss seng Strof am Prisong wéinstens zu engem Deel ofsëtze goen.' Wéi soll een dat speziell motivéieren?".

D’Anna Pinto selwer mécht an d’Schoule Preventiouns- an Informatiounsaarbecht. Eng wichteg Aarbecht, doriwwer war sech jiddereen eens. Eng Aarbecht, déi Kanner a Jugendlechen heiansdo réischt d’Realisatioun bréngt, wat mat hinne geschitt. Mä d’Anna Pinto mécht dës Aarbecht awer an hirem Congé.

"Also ech probéieren elo scho säit bal fënnef Joer, fir iergendwéi klappen ze goe beim Ministère de l'Éducation nationale, fir dass si iergendwéi mech géifen ënnerstëtzen. Mä da kréien ech gesot, et ass kee Budget do fir d'Preventioun. Also ech weess et net, wann dat net wichteg ass, Preventioun, da weess ech och net. Et gi awer Sue fir all Méigleches."

Kloertext "Gewalt an Abus géint Fraen" / Resumé Michèle Sinner

D'Invitéen:

Ana Pinto 
Presidentin "D'Stëmm vun den Iwwerliewenden"

Simone Flammang

Premier Avocat Général (Parquet) 

Isabelle Schroeder
 
Juristin beim Ministère de l’Egalité des genres et de la Diversité

Annette Michels
Member "La voix des survivantes" / "Stëmm vun den Iwwerliewenden"

Eric Lamhène
Realisateur vun "Hors d’haleine" iwwer Gewalt géint Fraen

Tabu Thema: sexuelle Mëssbrauch an haislech Gewalt.  

Tabu Thema: sexuelle Mëssbrauch an haislech Gewalt.
D'Annette Michels gouf an hirer Kandheet sexuell mëssbraucht.

 
D'Annette Michels gouf an hirer Kandheet sexuell mëssbraucht. Bis zu hirem 50 Liewens Joer huet si dorënner gelidden. Elo verstoppt si sech net méi. Et ass net um Affer, sech ze verstoppen, mä um Täter. Eent vu véier Meedercher an ee vu fënnef Jongen hunn an hirer Jugend oder Kandheet e sexuellen Trauma erlieft. An awer hunn nëmmen déi Wéinegst de Courage, doriwwer ze schwätzen.