Muss e Kënschtler, dee wéinst sexueller Belästegung verurteelt gouf, grad am Kader vun der Orange Week zu Lëtzebuerg ausgestallt ginn?

Déi Fro wërft d'Stater LSAP en Donneschdeg an engem Schreiwes op, an deem si virun allem d'Positioun vun der Stad Lëtzebuerg kritiséiert. Op der Art Week war d'leschte Weekend d'Installatioun "homme qui mesure les nuages" vum belschen Artist Jan Fabre prominent um Glacis ze gesinn. En Artist, dee virun zwee Joer wéinst Gewalt, Harcèlement a sexueller Belästegung géintiwwer 12 fréiere Mataarbechterinnen zu 18 Méint Prisong op Sursis condamnéiert gouf.

Et wéilt een de Kënschtler a seng Konscht elo net op éiweg verbannen, mä fir d'LSAP wier et nawell e "falscht Zeechen" an e Widdersproch tëscht der Ënnerstëtzung vun der Stad Lëtzebuerg fir e verurteelte Kënschtler an dem Engagement vun der Gemeng géint Gewalt géint Fraen am Kader vun der Orange Week den Ament. Béid Evenementer sinn effektiv zesummegefall.

D'Stater Conseillère Maxime Miltgen huet an deem Kontext eng urgent Fro un de Stater Schäfferot gestallt. Et géif sech beim Konschtwierk wuel ëm e wichtege Bäitrag zur zäitgenëssescher Konscht handelen. Mä datt d'Statu ouni Kontext grad elo ausgestallt gouf, wéi mat villen Evenementer am ganze Land op Gewalt géint Fraen a Meedercher soll opmierksam gemaach ginn, wier nëmme schwéier ze verstoen. Et wier de Minimum gewiescht, d'Wierk ze kontextualiséieren, fir all Verherrlechung vum Artist ze verhënneren an en Dialog mat der Ëffentlechkeet iwwer ethesch Froen ze lancéieren, fannen d'Stater Sozialisten.
 
De Jan Fabre, Choreograph, Sculpteur a Regisseur vun Antwerpen war ee Joer nom MeToo-Skandal an engem oppene Bréif vun fréiere Mataarbechterinnen fir säin toxescht Aarbechtsklima, seng Muechtspiller a seng sexuell Belästegungen ëffentlech ugeprangert ginn. E Bréif dee mat "pas de sexe, pas de solo" iwwerschriwwe war.