Samschdegowend am Atelier - an deem enge Moment hunn d'Leit sech nach ausgeloossen ënnerhalen, Gedrénks bestallt, nei an al Kolleege rëmgesinn.

Am nächste Moment gëtt et ganz roueg, op der Bün huet sech eppes gedoen.

D'Providers ginn ugekënnegt. "Wëllkomm op der 25-Joer-Feier vun de Providers", héiert een eng Stëmm duerch d'Boxe schwätzen. Ee Video, deen op enger grousser Leinwand op der Bün leeft, geet un. Et si Fotoen a Videoe vun deene leschte 25 Joer. Erënnerungen aus engem Véierelsjoerhonnert op der Bün. Et gi schéin an emotional Momenter gewisen a virun allem si vill laang Nuechten dobäi.

An der Ufankszäiten hunn d'Providers heiansdo bis an de Moien era gespillt. "Dann hu mir zum Deel op der Bün geschlof, dann hu mir esou Kësse matgeholl. An do war et och eng Kéier esou, dass mir moies erwächt sinn an do war d'Zelt scho fort. Do haten si d'Zelt ofgeriicht wärend mir op der Bün geschlof hunn. Dat war scho cool", erënnert sech de Jhemp Bertemes. Hien ass de Bassist vun de Providers.

An d'Providers, dat ass eng Lëtzebuerger Coverband, déi 1999 vun e puer Lycéesschüler gegrënnt gouf. Zanter deem hunn si iwwer 300 Concerte gespillt. D'Emaischen, den Zürecher Bal oder och de Bieles am Jumm si just e puer Rendez-vousen, op deenen si gespillt hunn an op verschiddene Baler ware si all Joers ee feste Bestanddeel vun der Traditioun. Et sinn och d'Erënnerungen un déi Erliefnisser, déi de Samschdeg Owend d'Leit an den Atelier bruecht hunn. De Concert ass ausverkaaft a jidderee verbënnt seng ganz eege Geschicht mat de Providers.

"Dat ass meng Jugend, mir sinn ëmmer op déi Baler gaangen. Dat ware flott Samschdeger.", erzielt eis eng Fra aus dem Publikum. Anere Leit geet et ganz änlech: "Ech verbannen d'Providers domadder, dass si einfach gutt Stëmmung maachen." 

An dat sollt op deem Owend net anescht sinn. De Video op der Leinwand geet op een Enn an déi éischt Téin vum Popsong "Shut up and Dance with me" gi gespillt. Nach ëmmer gesäit een net, wat sech hannert der Leinwand op der Bün ofspillt, et gesäit ee just de Schied vun enger Band, deen duerch de wäisse Stoff duerchliicht. An an deem Moment wou d'Lidd esou richteg ufänkt, geschéien e puer Saache mateneen. D'Providers stëmmen "Shut up an Dance" un, d'Leinwand fält erof an de Public gesäit si fir déi éischte Kéier un dësem Owend. D'Stëmmung ass direkt um Héichpunkt an et gëtt gedanzt, gesprongen a matgesongen.

"Et ass bësse surreal, e bëssen iwwerwältegend", erzielt de Pit Maass an enger Paus, déi hien no den éischte puer Lidder huet.

Et ass ee Concert op dee si sech besonnesch gefreet hunn an deen eng grouss Bedeitung fir si huet. Net just, dass si hier 25 Joer feieren: "Et ass ee spezielle Moment aus ganz ville Grënn. Mir sinn oft soss op eng gewëssen Aart a Weis de Live DJ. Et si vill Leit, déi si frou, dass d'Providers spillen, mee déi géifen awer och op dat Fest goen, wann et een anere wär. Awer den Owend ass dat sécher net esou. Den Owend ass jidderee wéinst eiser hei."

Zu de Providers gehéieren 10 Museker. Déi meescht sinn awer keng professionell Museker, mee maachen et wéinst der Léift fir d'Musek, awer och, well si ënnertenee gutt Frënn sinn, wéi eis d'Sängerin Marianne Lauer erzielt: "Dat probéiere mir och op eise 25 Joer rauszebréngen, dat ass dat frëndschaftlecht Gefill. Mir si wierklech Kolleegen, mir sinn net einfach Leit, déi zesumme Musek maachen. Mir maachen dat, well mir frou matenee sinn, well mir eis gutt verstinn, well mir gären Zäit matenee verbréngen a gäre matenee Musek maachen. An ech mengen dat huet eis iwwert d'Joren och gehollef, dass mir iwwert Joren ëmmer nees zesummekomm sinn an dann och ëmmer rëm Baler gespillt hunn." 

Mëttlerweil ass et e bësse méi roueg ginn ëm d'Band, mee et kann ee si ëmmer nach ongeféier véier mol d'Joer gesinn. "Mir hunn iergendwann eng Kéier decidéiert, wéi mir alleguerte Kanner kritt hunn a Famill gegrënnt hunn a berufflech gutt ënnerwee waren, hu mir decidéiert léiwer bësse manner ze spillen. A wa mir da spillen, dann ass et eppes Extraes. Da kommen d'Leit gären a mir selwer kommen och gären. Dofir spille mir elo manner an dat klappt och mega gutt", erkläert de Jhemp Bertemes, dee vun Ufank u mat an der Band dobäi war.

Eppes Extraes war dann och hire Concert fir hire 25. Gebuertsdag. Bis 2 Auer ass et virugaange mat Lidder aus deene verschiddenste Genren. D'Leit sollten och musikalesch mat duerch eng Rees duerch d'Zäit geholl ginn an deen een oder anere wäert wuel méi wéi eng Kéier un seng Jugend geduecht hunn an un déi laang Nuechten, déi een uechtert d'Land op engem Bal verbruecht huet.