Valerius GalerieD’Expo "Peekaboo" vun der Kënschtlerin Lara Weiler

Isabelle Gillen
D’Gewënnerin vum Prix Pierre Werner um Salon vum CAL 2024 huet den Ament eng Solo-Ausstellung mam Titel "Peekaboo" an der Valerius Galerie an der Stad.
D’Expo "Peekaboo" vun der Kënschtlerin Lara Weiler
D’Gewënnerin vum Prix Pierre Werner um Salon vum CAL 2024 huet den Ament eng Solo-Ausstellung mam Titel “Peekaboo” an der Valerius Galerie an der Stad.

D’Lara Weiler zeechent sech virun allem duerch hir grouss a faarweg Molereien aus. “Peekaboo” ass elo eng Sammelausstellung mat verschiddenen Aarbechten, déi d’Kënschtlerin an de leschte Jore produzéiert huet. Dorënner sinn och eng Rei ganz nei Motiver, vun deene scho Wierker op der Luxembourg Art Week am Hierscht gewise goufen.

Ronn 25 Wierker, sief et Acryl- an Uelegmolereien, oder och Bläistëftszeechnungen op Pabeier, kritt een an der Ausstellung ze gesinn. Grouss oder och ontypesch geformten a virun allem ontraitéiert Leinwänn, déi d’Kënschtlerin selwer an hirem Atelier bespaant a faarweg mat deene verschiddensten Alldagsobjete bemoolt, sinn typesch fir d’Lara Weiler. Deemno fënnt een och genee dat an der Valerius Galerie erëm. Wat den Titel “Peekaboo” ze bedeiten huet, erkläert d’Kënschtlerin esou:

“Peekaboo bezitt sech fir mech allgemeng oder am Kontext vun dëser Ausstellung dorop, dass et drëms geet, Saachen ze gesinn, déi am Fong an hirer Banalitéit verstoppt sinn. Ech hoffen dass d’Ausstellung e bëssen och ewéi e Peekaboo-Effekt op d’Leit huet an dat heescht, dass een erageet an dass een herno mat enger neier Visioun, oder enger neier Perspektiv op d’Saach erausgeet.”

E Groussdeel vum Lara Weiler hiren ausgestallte Wierker sinn déi bekannte Kleederkéip. Heifir inspiréiert d’Kënschtlerin sech gär um Richtege Liewen a geet bei d’Leit heem, fir genee dat Gewulls anzefänken, wat reell an engem Doheem ze fannen ass. An hiren neiste Wierker, de Poschen, fënnt een déi nämmlecht Iddi. Och heifir inspiréiert d’Kënschtlerin sech um richtege Liewen a moolt Posche vun hire Frënn, oder der Famill, an déi ee vun uewen era kucke kann.

“Ech probéieren einfach ëmmer erëm nei Saachen ze fannen, wéi ech déi verschidde perséinlech kënschtleresch Recherchen an Ugrëff huele kann. Am Fong sinn d’Poschen esou gesinn de komplette Contraire (zu de Kleederkéip), vue dass se net inzenéiert sinn an dat wierklech dee Chaos ass, mat deem all Mënsch iergendwéi ronderëm leeft.”

“Peekaboo” vun der Kënschtlerin Lara Weiler ass bis den 31. Mäerz an der Valerius Galerie z’entdecken. Den offizielle Vernissage ass de 26. Februar um 17 Auer.

Back to Top
CIM LOGO