Fir Leit, déi "krank" sinn an "ëm déi sech net gekëmmert gëtt"US-President Trump wëll "Lazarettschëff" a Grönland schécken

RTL Lëtzebuerg
D'USA wëllen, dem US-President Donald Trump no, e sougenannten "Lazarettschëff" a Grönland schécken.
Den Donald Trump wëll e sougenannt “Lazarettschëff” a Grönland schécken
© AFP

Dat Schëff soll ville Leit hëllefen, déi krank wieren a keng medezinesch Versuergung kréichen, sou den US-President op senger Social-Media-Plattform Truth Social. Wien e do gemengt huet a wéi vill Leit um Schëff Plaz hätten, gëtt net präziséiert. Den Donald Trump hat mat senge Fantasie fir Grönland, dat zu Dänemark gehéiert, z’annektéieren an Europa fir staark Irritatiounen gesuergt.

D’Situatioun ass zanter enger Eenegung mam Nato-Generalsekretär Mark Rutte den Ament entschäerft mä d’EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen plangt nawell den nächste Mount eng Rees an d’Arktis, dorënner och Grönland. Dat sot hir Spriecherin en Donneschdeg zu Bréissel. E konkreten Datum a weider Detail stinn nach net fest.

Den däneschen Defenseminister huet schonn op d’Annonce geäntwert a betount, Grönland bräicht kee sou e Schëff. D’Populatioun op der Insel géif all gesondheetlech Versuergung kréien, déi se bräicht, sou de Minister op der Tëlee.

Back to Top
CIM LOGO