Mir treffen den Daniel Atz am Pescatore’s Parc. Et ass ee groen, fiichten Dag Enn November. Den US-Lëtzebuerger ass fir e puer Deeg am Land. De Weekend ass d’Première vu sengem Documentaire iwwer d’Lëtzebuerger an Argentinien.
“Ech di mech nach ëmmer schwéier ze soen ‘ech si Lëtzebuerger’. Dat läit och dorunner, datt ech nach ëmmer net richteg Lëtzebuergesch schwätze kann. Et ass net, wéi wann ech et net probéiert hätt. Ech hunn eng Rei deier Course geholl, mee iergendwéi kommen ech net iwwer ee ganz niddregen Niveau eraus”, seet de Mann, deen nieft Englesch och fléissend Portugisesch a Mandarin schwätzt.
Ugefaangen huet alles zu Paräis. Do hat den Daniel europäescht Wirtschaftsrecht studéiert. D’Liewen an Europa hat dem Student aus dem US-Staat Nebraska gefall. Hie wollt onbedéngt d’Méiglechkeet hunn, fir zréckzekommen. Net just als Student oder Tourist.
D’Geleeënheet huet sech gebueden iwwer den Artikel 29, spéider den Artikel 89 vum Nationalitéite-Gesetz vun 2017. Bis Enn zejoert konnten Auslänner d’Lëtzebuerger Nationalitéit kréien, virausgesat, si konnten ee Virfar an direkter Linn noweisen, deen am Joer 1900 Lëtzebuerger war.
Datt dem Daniel Atz seng Urgroussmamm gebierteg Escherin war, koum deemno ganz geleeën. D’Marguerite Kruchten hat en Amerikaner bestuet an ass nom éischte Weltkrich mat hirem Mann an de Bundesstaat Kansas an d’USA ausgewandert. Si hunn do eng Famill gegrënnt.
Iwwer Lëtzebuerg wousst den Daniel fréier net vill. Bis op e puer Geschichten aus der Kandheet ronderëm e Bicherbuttek zu Esch, der Librairie Diderich. “Meng Mamm war 1981 op Lëtzebuerg op Besuch komm. Si hat mol net richteg verstanen, datt et en onofhängegt Land wär. Dofir hat ech deemools net wierklech e Bild vum Grand-Duché.”
Den US-Lëtzebuerger huet an der Tëscht staark Liene mam Land opgebaut. Duerch den RTL-Tëleesreportage am Joer 2017 huet hie seng Famill hei am Grand-Duché kennegeléiert. Op der Tëlee hat den Daniel seng Geschicht erzielt an d’Fotoe vu senger lëtzebuergescher Urgroussmamm gewisen. Wéi den Zoufall et wollt, huet der Marguerite Kruchten hir Niess Annette de Reportage gesinn a si op de Biller erëm erkannt. Iwwer RTL koum de Kontakt mam Daniel zustanen. Och deen Episod hate mer an engem Reportage festgehalen.
“Mëttlerweil hunn ech scho vill Chrëschtdeeg mat menger Lëtzebuergescher Famill verbruecht”, schmunzelt den Daniel. “Dat si Mënschen, deenen ech uruffen a Momenter vu Freed an och vun Nout.” Onendlech traureg ass hien iwwer de Verloscht vu senger “Lëtzebuergescher Groussmamm”. D’Annette ass 2023 gestuerwen.
Den Daniel ass dankbar, am Grand-Duché eng zweet Famill ze hunn, houfreg op seng Lëtzebuerger Originnen an erliichtert déi duebel Nationalitéit ze hunn.
“Zu Lëtzebuerg këmmert d’Gesellschaft sech nach ëm den Eenzelnen. Ech sinn immens besuergt iwwer d’Tendenzen, déi mer an den USA gesinn, déi eis a mengen An ëmmer méi wäit dovunner ewech bréngen. Lëtzebuerger ze sinn, gëtt mir ee Gefill vu Sécherheet. An ee Gefill vu Stolz.”
D’Valeure vun enger Gesellschaft wären him wichteg, seet dee 37 Joer alen US-Lëtzebuerger. Hien huet déi lescht Jore virop an Europa verbruecht. Zanter engem Joer lieft den Daniel nees zu New York. Wéi laang nach ass ongewëss.
Wéi den Daniel Atz 2014 d’Nationalitéit krut, hat nach keen domadder gerechent, datt dräi Joer drop den Donald Trump President vun den USA géif.
Schonn am Laf vum Trump sengem éischten Term war d’Nofro geklommen, fir d’Lëtzebuerger Nationalitéit vun engem Virfar ze iwwerhuelen. Iwwer seng Plattform luxcitizenship.com huet den Daniel deemools scho Leit duerch d’Prozedur gehollef fir Lëtzebuerger ze ginn.
Mam Trump sengem Retour am Wäissen Haus 2025 wär d’Demande exponentiell an d’Luucht geschoss, seet den Daniel Atz. Ganz vill Persounen aus der LGBT-Communautéit géife sech mellen. Awer och vill anerer.
D’Motivatioune fir Lëtzebuerger wëllen ze ginn, hätte geännert. “D’Leit komme manner, well se eng emotional Verbindung wëllen operhale mat engem verstuerwenen Elterendeel mat Lëtzebuerger Wuerzelen. Et geet lo dacks ëm d’Wäerter, mat deene si opgewuess sinn an déi se net méi erëmfannen. Dofir wëlle se fort.” Anerer géifen am Motivatiounsbréif uginn, datt de Lëtzebuerger Wirtschaftsmodell hinnen an hire Kanner méi entgéint kéim, wéi dee vun den USA.
De Grënner vu Luxcitizenship fäert, datt verschidden “Nei-Lëtzebuerger” d’USA Hals iwwer Kapp verloossen. Alles dohanne verkafen a mengen, si kéinten ouni Weideres hei zu Lëtzebuerg oder an Europa Fouss faassen. “Dat mécht mir schrecklech Suergen, datt si riskéieren, finanziell an eng ganz vulnerabel Situatioun ze geroden”, seet den Daniel.
Besonnesch à risque si senger Meenung no Persounen, déi vun enger Linn vu männlechen Nokomme vun engem Lëtzebuerger ofstamen, déi also nach ëmmer dee selwechte Familljen-Numm hunn. Si kënnen d’Nationalitéit iwwer den Artikel 7 kréien a si missten dofir mol net op Lëtzebuerg kommen, gëtt den Daniel ze bedenken. Géifen d’Land also iwwerhaapt net kennen a wéissten net, op wat si sech aloossen. Et géif der e sëllegen a sengem Ëmfeld.
“Si verkafen hir Haiser, hir Autoen, huelen d’Kanner aus de Schoulen a plangen an Europa ze kommen. Mee si hu virdru mol iwwerhaapt nach ni ee Fouss op den europäesche Kontinent gesat.”
Et wär net einfach auszewanderen an et géif och keng Garantie, datt well et bei deem enge klappt, dat beim aneren och de Fall ass. “Ech hat do ee ganz oppent Gespréich mat verschiddene Clienten, well ech der Meenung sinn, datt et net am hirem beschten Interessi ass a besonnesch net vun hire Kanner.”
Obwuel den Daniel Atz Sue verdéngt, fir de Leit bei der Prozedur ze hëllefen, d’Lëtzebuerger Nationalitéit opgrond vun engem Virfar ze kréien, gesäit hien et och kritesch, datt iwwer d’Joren eng 30.000 Brasilianer an 20.000 US-Amerikaner d’Nationalitéit kruten, ouni am Grand-Duché ze wunnen, mee just well se Nokomme vu Lëtzebuerger sinn.
Potentiell wieren dat eng 50.000 Mënsche vun engem anere Kontinent, déi op Dauer kéinten op Lëtzebuerg plënneren.
“Ech gesinn absolut Avantagen, déi aus dësem Programm ervirginn. Ëm déi 2.000 Brasilianer sinn op Lëtzebuerg geplënnert. Vill vun hinne maachen erstaunlech Saachen a Startuppen, maache Restauranten op oder esou. Ech mengen awer och, datt et wichteg ass, en éierlechen Debat an der Chamber ze féieren, grad wéi an der Gesellschaft iwwer d’Fro, wat dat heescht. Net just Lëtzebuerger ze sinn, mee och eventuell 50.000 Persounen aus aneren Deeler vun der Welt mat anere Valeuren an enger anerer Educatioun ze integréieren.”
Och wa si net an de Grand-Duché wunne kéimen, kéinte se awer mam Lëtzebuerger Pass duerch d’Welt reesen, gëtt den Daniel ze bedenken. “Et ass haut schonn eng Realitéit, datt Brasilianer mam Lëtzebuerger Pass an d’USA reesen an illegal do bleiwen. Wéinst dem ESTA. Ech weess vun enger Rei vu Leit an dat mécht mir am aktuelle Kontext Suergen.”
Et wär wichteg den Dialog mat den Nei-Lëtzebuerger opzehuelen, fënnt den Daniel. A Brasilien an Argentinie géifen et verschidden Organisatiounen an deenen d’Nei-Lëtzebuerger engagéiert wären.
A sengem Documentaire “Lëtzebuerger an Argentinien” léiert een eng Rei vun dëse Lëtzebuerger kennen. An hire Lien zum Grand-Duché. Verschiddener hu scho laang eng authentesch sentimental Verbindung. Anerer sinn duerch d’Genealogie - dacks wärend der Pandemie - op hir familiär Liene gestouss.
Den Documentaire “Lëtzebuerger an Argentinien” weise mir den Owend um 20 Auer op der Tëlee.
Liest dozou och dësen Artikel: