
Kuerz no 18 Auer hat et op der A13 tëschent Schëffleng a Lalleng geknuppt, hei waren zwee Autoen aneneegerannt. D’Rettungsekippe vun Diddeleng, Esch a Schëffleng waren op der Plaz, blesséiert gouf bei dësem Accident keen.
Géint 21.30 Auer dann en Accident op der N1 tëschent Gréiwemaacher an dem Potaschbierg: Hei ass en Auto am Gruef gelant. Dräi Persoune goufen dobäi verwonnt, am Asaz waren d’Secouriste vu Mäertert a Gréiwemaacher.
An der Nuecht op e Sonndeg géint 2 Auer sinn d’CGDIS-Ekippe vu Rammerech a Groussbus dann an d’Baaschtnecher Strooss zu Groussbus geruff ginn. Hei ass en Auto géint e Potto gerannt an eng Persoun gouf blesséiert.
Dës weidere mellt de CGDIS dann och eng Rei Bränn awer allkéiers ouni datt Persounen zu Schued koumen: D’Pompjeeë vu Leideleng a Monnerech goufen um 17.45 Auer an d’Leidelenger Rue du Lavoir geruff well hei eng Heizung gebrannt hat.
Dann hunn och nach zwee Kamäiner gebrannt, eemol um Schoulwee zu Kielen géint 18.45 Auer an dann an der Rue du Cimetière zu Biwels géint 20.40 Auer. Zu Kielen waren d’Pompjeeë vu Mamer a Kielen am Asaz, zu Biwels déi vu Veianen an aus der Nordstad.