Palmarés vun der 76. BerlinaleGëllene Bier geet u "Gelbe Briefe" vum Ilker Çatak, Sandra Hüller als bescht Actrice ausgezeechent

Joy Hoffmann
E Samschdeg den Owend stoung zu Berlin am Berlinale Palast um Potsdamer Platz d'Präisiwwerreechung vun der renomméierter Filmcompetitioun um Programm.
Ilker Çatak gewënnt Gëllene Bier mat "Gelbe Briefe"
Ilker Çatak gewënnt Gëllene Bier mat “Gelbe Briefe”
© RALF HIRSCHBERGER/AFP

De Festival ass mat engem ongléckleche Statement vum Jury President Wim Wenders lassgaangen, dee Konscht a Politik als zwou Welten ugesinn huet, déi sech géintiwwerstinn. Bei der Präisverdeelung ass hien dunn an enger laanger Ried zeréckgeruddert a soss sinn och kaum méi politesch Deklaratioune gemaach ginn op der Berlinale Bün, wéi dëst Joer. D’Désirée Nosbusch hat et net einfach, tëschent Emotiounen a Politik ze moderéieren, huet sech awer ganz professionell aus der Affär gezunn.

Den Joy Hoffmann iwwert de Palmarès vun der 76. Berlinale

Moderéiert gouf déi 76. Berlinale vun der Lëtzebuerger Actrice Désirée Nosbusch
Moderéiert gouf déi 76. Berlinale vun der Lëtzebuerger Actrice Désirée Nosbusch
© HALIL SAGIRKAYA/Anadolu via AFP

Fir Diskussounen huet den Optrëtt vum syresch-palästinensesche Realisateur vu “Chronicles from the Siege” den Abdallah Al-Khatib, Gewënner vum Präis vum Beschten Dokumentarfilm, deen a senger Ried déi däitsch Positioun am Gazakrich schaarf kritiséiert huet an der däitscher Regierung quasi virgehäit huet, si wier Kompliz am Gaza-Massaker.

Duerno koumen déi éischt Haaptpräisser drun, déi u manner direkt politesch Filmer goungen. De Präis fir déi bescht Artistesch Contributioun goung un den Documentaire “Yo”, an de Präis fir de beschten Zenario un d’Nina Rosa. D’Sandra Hüller krut den absolut verdéngten, bal evidente Präis fir déi Bescht Actrice als Haaptpersonnage am excellente Film “Rose”, dee fir vill Kritiker zu den Haaptfavoritte fir de Gëllene Bier gezielt huet.

D'Sandra Hüller krut als bescht Actrice de Sëlwerne Bier fir hir Roll a "Rose"
D’Sandra Hüller krut als bescht Actrice de Sëlwerne Bier fir hir Roll a “Rose”
© JOHN MACDOUGALL/AFP

Nina Rosa a Rose sinn an zwou Wochen och an der Competitioun vum Luxfilmfest hei zu Lëtzebuerg ze gesinn.

Beschte Realisateur gouf den Englänner Grant Gee. Säin “Everybody Digs Bill Evans” iwwert dëse bekannten Jazz-Museker, ass genee wéi Rose e wonnerbar-schéine schwäerz-wäiss Biller gedréint.

Direkt zwee Präisser goungen un den emouvanten englesche Film “Queen at Sea” vum Lance Hammer, iwwert eng eeler Koppel, déi nach staark duerch Léift a Sex unenee gebonne sinn, a wou d’Fra un Demenz leit. D’Juliette Binoche spillt hei d’Duechter, déi aus där komplizéierter Situatioun versicht, dat Bescht ze maachen.

Et ass awer dat eelert Puer, d’Anna Calder Marshall an de méi bekannten Tom Courtenay, déi sech den Interpretatiounspräis fir déi beschten Nieweroll gedeelt hunn. De Film krut dann och nach zousätzlech de Präis vum Jury.

Duerno, gouf et erëm méi politesch fir déi zwee Haaptpräisser. De grousse Präis vum Jury goung un den tierkesche Film “Kutulus” iwwert Awerglawen a reliéise Wan an engem tierkesche Biergduerf, déi zu engem Massaker féieren. De Realisateur Emin Alper huet op der Bün vum Berlinale Palast un all déi politesch Prisonéier an der Tierkei erënnert, an eng Rei Nimm skandéiert.

D’Repressioun an d’Zensur an der Tierkei sinn dann och den Hannergrond vun engem Familljekonflikt, deem eng Artistekoppel ausgesat ass a “Gelbe Briefe”. Dem däitsch-tierkesche Realisateur Ilker Çatak säi Film, deen alles wéi keng Unanimitéit gemaach huet, ass deen eenzege Film, deen an dësem soss éischter equilibréierten a gudde Palmarès absolut keng Plaz verdéngt huet. Wéi dëst schwéierfällegt psychologescht Drama zu héchsten Éiere konnt komme, bleift wuel d’Geheimnis vum Jury.

Back to Top
CIM LOGO