Italieenesche Parquet enquêtéiertHäerzkranke Jong vun zwee Joer stierft nodeems Spenderhäerz falsch transportéiert gouf

RTL Lëtzebuerg
Säi Schicksal huet net nëmmen d'Mënschen an Italien beweegt. Elo ass dee klengen Domenico vun zwee an engem hallwe Joer zu Neapel op der Intensivstatioun gestuerwen.
Chirurge bei enger Häerztransplantatioun
Chirurge bei enger Häerztransplantatioun
© JAVIER SORIANO/AFP

D’Spenderhäerz, wat den häerzkranke Jong sollt transplantéiert kréien, war falsch transportéiert ginn. D’Organ war beim Transport vu Bozen op Neapel vill ze vill gekillt an doduerch schwéier beschiedegt ginn. D’Spenderhäerz wier carrement “erfruer” well et bei 80 Grad ënner Null amplaz 4 Grad Plus op Neapel bruecht gi war.

Well de Jong awer scho keen eegent Häerz méi hat, gouf dat beschiedegt Organ nawell transplantéiert. E Mëttwoch haten d’Dokteren decidéiert, datt eng Operatioun mat engem neien Häerz kee Sënn méi hätt well och aner Organer vum Béifchen, wéi d’Nieren, antëscht net méi richteg geschafft hunn. De Jong gouf zum Schluss just nach mat Maschinnen um Liewe gehalen. E Samschdeg huet sech säin Zoustand du rapid verschlechtert, bis de klengen Domenico gestuerwen ass. Antëscht enquêtéiert de Parquet géint 6 Dokteren an anert medezinescht Personal. D’Killbox, déi fir den Transport geholl gouf, ass saiséiert. Déi implizéiert Dokteren dierfen einstweilen och keng Häerztransplantatioune maachen.

Fir Roserei huet zousätzlech d’Tatsaach gesuergt, datt d’Elteren, eegenen Aussoen no, vun der Klinik wochelaang net gesot krute firwat d’Transplantatioun schif gaangen ass. D’Mamm sot, si hätt alles aus der Zeitung.

Back to Top
CIM LOGO