Kann een e Kënschtler vu sengem Wierk differenzéieren?
Am Kader vun der Art Week gouf um Glacis eng Skulptur vum belsche Kënschtler Jan Fabre ausgestallt.
Den Artist gouf 2022 wéinst sexueller Belästegung zu uechtzéng Méint d' Prisong mat Sursis verurteelt. Soll sou e Kënschtler iwwerhaapt nach gewise ginn? Misst de Kontext gesat ginn? Oder méi allgemengt d'Fro: Kann een e Konschtwierk vu sengem Kënschtler differenzéieren?
"L'homme qui mesure les nuages" ass eng bal dräi Meter héich gëlle Skulptur, déi 1998 vum Jan Fabre geschaf gouf. Et war den Direkter vun der Art Week selwer, den Alex Reding, dee se ausgewielt huet, fir dëst Joer virum Zelt um Glacis ausgestallt ze ginn. D'Condamnatioun vum Kënschtler ass a sengen Aen net forcement en Argument ze soen, datt eng Persoun e Liewe laang dofir muss bestrooft ginn.
"D'Wierk schwätzt net dovun, d'Wierk glorifizéiert dat och guer net, d'Wierk ass do dra ganz neutral. Ech hunn ee Wierk ausgewielt. Déi Fro ass legitim, ech bestreiden dat guer net. Ee Libraire, deen nach weider Céline verkeeft, dee jo bekannt ass fir säin Antisemitismus, voir nach schlëmmer, dee verkeeft awer weider Céline. An ech mengen, et ass och gutt esou."
Et wier awer en delikate Sujet.
"Éischtens denkt een un déi Leit, déi betraff sinn. An op kee Fall wëll iergendeen hei eppes glorifizéiere vu "Misstaten". Dat ass wierklech net de Punkt. Awer d'Wierk ass wichteg. Dat ass ee grouss Konschtwierk. An et ass einfach een an der Gesellschaft eng zweet Chance kritt an déi sollen och huelen. An da liewe mer mat der Tatsaach."
D’Art Week a méi spezifesch de Circuit vun de Skulpturen uechter d' Stad gëtt vun der Gemeng ënnerstëtzt. Mam Choix vun de Kënschtler hätt d'Ville de Luxembourg awer näischt ze dinn, betount d'Buergermeeschtesch Lydie Polfer, déi seet, datt si bis d' Art Week eriwwer war, och net wousst, datt de Jan Fabre 2022 verurteelt gouf.
"Wann ech et elo gewosst hätt a wann ee mer et gesot hätt, dann hätt een dat kënnen och vläicht thematiséieren, wéi dat zum Beispill zu Namur gemaach ginn ass, vun der Stad Namur, déi och eng Statu huet, mee déi steet ëmmer nach do, an déi do niewendrun dann eeben thematiséieren, datt natierlech d' Stad Namur géint all Violence géint Fraen ass, wéi d'Stad Lëtzebuerg natierlech och."
D'Lydie Polfer bedauert, datt de sensibele Sujet net am Virfeld mat den Organisateure vun der Art Week thematiséiert gouf an huet nach ënnerstrach, datt et eng Geleeënheet gewiescht wär, déi Thematik opzegräifen an driwwer ze diskutéieren. Bei der Fro, ob een e Kënschtler vu sengem Wierk differenzéiere kann, do scheede sech d'Geeschter.