Am Mäerz wëll den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch den zweete Band vum "Lëtzebuerger Sproochatlas" virstellen. Seng Auteuren: Alain Atten, Claude Schmit a Patrick Hallé.

An der 1. Editioun war et drëm gaangen, ze weisen, wéi ënnerschiddlech eenzel Wierder am Land ausgeschwat ginn oder goufen. Jee no Regioun gëtt et do grouss Ënnerscheeder: Leit/Lekt, haut/hokt, gëschter/gëster ... Fir dat ze dokumentéieren, koume bal 600 Kaarten an den Asaz, déi den Alain Atten  an de 60er- a 70er Joren ausgeschafft hat an déi du vum Claude Schmit digitaliséiert goufen.

A Kollaboratioun mam Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch a mam Institut grand-ducal huet den Alain Atten elo eng zweet Editioun vu sengem "Lëtzebuerger Sproochatlas 1900" ausgeschafft: de "Lëtzebuerger Wuertatlas". RTL war e Mëttwoch de Moien derbäi, wéi déi éischt Säiten an der Imprimerie Centrale gedréckt goufen. Am Fréijoer 2025 soll den Atlas dann an de Librairië leien.

Lëtzebuerger Sproochatlas: Den Drock vun der 2. Editioun huet ugefaangen.
Den Alain Atten huet a Kollaboratioun mam Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch eng weider Editioun vum Lëtzebuerger Sproochatlas ausgeschafft.

Am Wuertatlas geet et net méi ëm d'Aussprooch vu verschiddene Wierder, jee no Regioun, ma dorëm ze weisen, wéi e Wuert fir eng bestëmmte Saach benotzt gëtt. Och dat ass deels ganz ënnerschiddlech. Zum Beispill seet een an der Stad eng Schmier, iwwerdeems dat dann am Éislek eng Bottesch ass. En anert Beispill wier de Päiperlek, deen op Plazen och Pimpampel oder Millermoler genannt gëtt; och fir d'Seejomes gëtt et e sëllege Begrëffer.

Dësen zweete Band vum Sproochatlas 1900 dokumentéiert also déi lexikalesch Variatioun am Lëtzebuergeschen. An de 60er- a 70er-Jore vum viregte Joerhonnert ass den Alain Atten queesch duerch dʼLëtzebuerger an duerch dʼAreler Land gezunn, fir gewuer ze ginn, wéi dʼLeit, déi ëm 1900 gebuer waren, fir Honnerte vu Planzen, Déieren, Objeten an Handlunge géife soen. D’Kaarten, déi de Claude Schmit op Basis vun där Recherche erstallt huet, gi begleet vun Erklärunge vum Alain Atten an handgezeechenten Illustratioune vum Patrick Hallé.

Den neie Wuertatlas ass elo am Drock a wäert am Laf vum Fréijoer 2025 op de Marché kommen – mat 226 detailléierte Wuertkaarten am A3-Format.

RTL

© Morgan Doux