D’Marie Capesius ass d’Gewënnerin

© Marie Capesius
Och dëst Joer freet sech Lët'z Arles rëm, an Zesummenaarbecht mam Centre National de l’Audiovisuel (CNA) a mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère, d'Gewënnerin vum “Luxembourg Photography Award mentorship 2025” ze annoncéieren.
Nodeems virun zwee Joer d'Fotografin Rozafa Elshan mam “Luxembourg Photography Award mentorship 2023” geéiert ginn ass, ass et dëst Joer d’Marie Capesius, déi mat hirem Foto-Projet “DO THE LINES OF OUR HANDS RESEMBLE EACH OTHER ?” déi sechs-käppeg Jury iwwerzeege konnt.
An hirem Fuerschungsprojet behandelt d’Marie Capesius de Beräich vun der "Psychogénéalogie". Si beschäftegt sech mat der Fro, wat mir onbewosst vun eise Virfaren an eis droen a wéi sech dës “verstoppten” Informatiounen am Laf vun eisem Liewe bemierkbar maachen. D’Artistin probéiert, duerch eng introspektiv Arabescht, wat souvill bedeit, wéi de Wee zu sengem Erënneren ze begoen, eng audiovisuell Sprooch ze schafen. D’Marie Capesius probéiert, e Sujet ze visualiséieren, deen zwar fir d’Aen net direkt siichtbar ass, ma awer d’Liewenserfarung oder d’Geschicht vun enger Persoun erëmspigelt.
Fir de Spectateur soll et eng Invitatioun sinn, d’Manéier, eppes wouer ze huelen, ze änneren an Zougang zu Informatiounen ze fannen, déi an engem verstoppt sinn.

© Marie Capesius
Gebuer ass d’Marie Capesius 1989 zu Stroossbuerg. Haut wunnt a schafft si zu Lëtzebuerg als multidisziplinär Kënschtlerin. Iwwer e puer Ëmweeër ass déi jonk Artistin 2019 zu hirer Passioun, der Fotografie komm. An der Berliner Fotosschoul “Ostkreuzschule” huet si hiren Diplom gemaach an zanterdeem sinn hir Haaptinstrumenter, mat deene si schafft Fotografie, Schrëft an Toun. Dës Elementer setzt si zesumme fir en audiovisuellen, zäitlosen Universum ze kreéieren, deen iwwert dat Siichtbaart an dat Gräifbaart erausgeet. Inspiratioun hëlt Marie Capesius sech vu Plazen, déi voller Erënnerungen a Geschichte sinn. Als “Reschter” vun enger vergaangener, a gläichzäiteg nach ëmmer presenter Zäit.
Als “LUPA Mentorship 2025” huet d’Marie Capesius vill flott Virdeeler a Gewënner, wéi ënner anerem e Fuerschungsmentorat vu véier Méint vun der “École nationale supérieure de la photographie” zu Arles, eng Residenz am Fréijoer zu Arles an Zesummenaarbecht mat “La Madeleine Arles” an eng Begleedung iwwer zwee Joer vun der Ekipp vu Lët’z Arles, fir de Fuerschungsprojet op laang Siicht ze entwéckelen.