No der soberer belairer Jesuitekapell huele mer iech am 2. Deel vun eiser Serie mat an eng Kierch, déi de komplette Géigendeel ass.

D’Buch "EGLISES DU GRAND-DUCHE DE LUXEMBOURG" erzielt d’Geschicht vu 14 Kierchen. Dës Kéier kucke mer eis Grënnesch Kierch méi genee un.

Den éischten Deel vun der Serie iwwer Lëtzebuerger Kierchen gëtt et hei!

D'Eglise Saint Jean steet am Gronn, direkt niewent der Abtei Neimënster an dem fréiere Prisong. Hir Maueren gehéieren der Stad Lëtzebuerg, den Interieur awer ass dem Kierchefong säin.

An déi "Miwwelen" si grad esou wäertvoll, wéi d'Statue vun der Schwaarzer Muttergottes.

Firwat si schwaarz ass, firwat iwwerhaapt um europäesche Kontinent, mee och driwwer eraus, ganz vill Marien-Duerstellungen eng schwaarz Hautfaarf hunn, ass eng Fro, op déi et bis haut keng definitive Äntwert gëtt. Déi grënnesch schwaarz Muttergottes gouf viru méi wéi 600 Joer aus engem Nëssert geschnëtzt a steet haut hanner Gitter. Dir den Historiker ass si eng Beauté.

Eventuell sollt si de Pescht-Kranken Hoffnung maachenn, seet den Alex Langini, Auteur vum Buch iwwer d’Lëtzebuerger Kierchen. Gëtterfiguren si ganz fréier och schwaarz ugestrach ginn, oder rout wéi de Jupiter um Kapitol zu Roum. Duerch dës Faarwe sollt gewise ginn, dass d’Gëtter net zu eiser, mee zur himmlescher Welt gehéieren.

Déi gotesch Statu kënnt vum Knuedler aus der Franziskaner-Kierch. Wéi de Gros vun de Miwwelen, jo, esou gëtt dës Opulenz genannt, hei am Gronn si Piècen doheem, déi vu soss anzwousch sinn. Där "Bäigepraffter" seet de Lëtzebuerger.
 
D'Ideal war an där Zait e Bild vum Himmel duerzestellen. D’Grënnesch Kierch war eng Klouschterkierch, ausser der Uergel ass aus där Zäit näischt méi bliwwen, sou den Historiker. D’Statioune vum Leide Christi stiechen engem am Gronn direkt an d’A. All Eenzel zielt eng reliéis Geschicht, mee ass och vum konschthistoreschen Aspekt hir net ze bezuelen an dofir och un d’Mauer fixéiert.
 
Et sinn Emaillen aus dem 16. Jorhonnert, all eenzel "LL" signéiert. Dat stéing fir Leonard Limousin,  Emailleur du roi. Limoges hat deemools schonn e Nmm, erkläert den Alex Langini, Historiker an Auteur vum Buch "Eglises du Grand-Duché de Luxembourg".  D’Kierch krut se an den 30er Jore geschenkt, d’Emaillë kommen aus engem Schlass op der Loire.
 
D’Altär sinn aus dem 17. Jorhonnert. Et ass eng Barock-Kierch an där hirer Plaz ganz fréier en Hospice stoung. De Parvis vun der Kierch am Gronn ass viru Kuerzem nei gemaach ginn, den ale Pawee koum eraus, et goufe Griewer a Skeletter fonnt, déi elo wuel nees begruewe sinn.