Eglise St. Laurent, eng vun den eelste Kierchen am Land
Am drëtten a leschten Deel vun eiser Serie, geet et an d'Eglise St. Laurent, dat op Dikrech.
D'Saint Laurent Kierch zu Dikrech ass eng vun den eelsten am Land. Schonn d'Réimer hunn do Zeremonien ofgehalen, an um Plaffong gesäit een nach Iwwerreschter vu spezielle Blumme-Molereien.
Dass si e puer Joerhonnerten um Bockel huet, zielen d’Mauere vum Gebai. Déi, déi een haut gesäit, sinn zwar keng Réimer méi, an och vum Kierfecht, dee bis am 18. Joerhonnert hei ronderëm war, gëtt et keng Spuer méi. Iwwerierdesch, wuelgemierkt…ënnert dem Buedem ass dat eng aner Saach.
Eng modern Waarmloft-Buedemheizung, Réimer-Stil, "hypocaustum" genannt. Net wäit ewech, aus engem vun deene sëllege Sarkophagen erausgeholl, Schanken..
Ëm d’Joer 1.000 no Christus gouf aus dem réimesche profane Gebai, eng romanescher Kierch. Iwwer dem Buedem ee Raum, deen ugangs nëmmen d’Hallschent war, d’Verwëllef ass impressionnant, d’Molereie grad esou, wann net nach méi.
D’Regierung huet deemools, am 19. Joerhonnert der Gemeng widdersprach an domadder en éischte Stee geluecht fir de Lëtzebuerger Denkmalschutz. En Ament, un dee sech hautdesdaags reegelméisseg sollt a misst erënnert ginn!