Vum 22. Dezember bis de 5. Januar bidde mir Iech op der Tëlee an op RTL.lu e spezielle Feierdagsprogramm.

Spezial-Emissiounen a Filmer - Wärend de Feierdeeg kënnt Dir eng ganz Rei Highlighten op RTL Télé Lëtzebuerg kucken an um RTL Play fannt Dir se fir eng begrenzt Zäit am Replay.

22. Dezember

17.45 Auer: Kid’s Phil – "Hänsel und Gretel"
Net am Replay disponibel.

"Hänsel und Gretel”, e musikalescht Märche fir Grouss a Kleng, aus dem Programm “Kids’Phil“ vun der Philharmonie, zesumme mat de Lëtzebuerger Philharmoniker.
Durée: 73 Min
 
19.00 Auer: Documentaire "100 Joer Gust Graas"

Hei fannt Dir bis de 5. Januar de Replay vum Documentaire.

Am Dag war hie Manager an an der Nuecht Moler. De Gust Graas war e Visionär sief et um Konferenzdësch bei RTL oder a sengem Atelier viru senger Toile. Dëst Joer wier dem Gust Graas säin 100. Gebuertsdag gewiescht. An deem Kontext huet seng Duechter d’Kit Graas him zu Éieren d’Joer voll gepaakt mat Ausstellungen. Duerch dem Gust Graas seng Notten, säi Wierk a seng Geschicht erzielt seng Duechter vum Liewen a Schafe vun hirem Papp.

100 Joer Gust Graas - en Documentaire vum Patricia Baum.
Durée: 30 Min

RTL

23. Dezember 

19.00 Auer: Journal
19.20 Auer: Lëtzebuerger am Ausland*
20.00 Auer: Nina an d'Geheimnis vum Kéisecker

Hei fannt Dir bis den 2. Januar de Replay.
D’Welt vum 10 Joer alen Nina geréit nawell zolidd duerchernee, wéi säi Papp seng Aarbecht verléiert. D’Fabrick, an där hie geschafft huet, gouf zougemaach, nodeems de Patron hei kromm Geschäfter gedréint huet. Ma d’Nina fënnt eraus, dass an engem Eck vun der Fabréck d’Suen, déi feelen, verstoppt sinn. D‘Nina a säi Frënd Mehdi maache sech dann op d’Sich no dësem Schatz an erliewen dobäi sou munch Aventuren.

Realisatioun: Alain Gagnol a Jean Loup Felicioli
Produktioun: DogHouse Films
Durée: 80 Min

RTL

24. Dezember

19.00 Auer: Journal + Traditionell Usprooch vum Grand-Duc op Hellegowend

Hei fannt Dir déi lescht Chrëschtusprooch vum Grand-Duc Henri am Replay.

Och dëst Joer riicht sech de Grand-Duc Henri a senger traditioneller Usproch op Hellegowend un d'Land a kuckt zréck, wat an de leschten 12 Méint d'Leit beweegt huet. Encadréiert gëtt d'Ried vun der Maîtrise Saint-Cécile, dem Chouer aus der Kathedral Notre-Dame. Den Ensembel vun hei insgesamt 37 Fraen a Männer hu mat hire Stëmmen a mat der musikalescher Begleedung vun der neier Uergel aus der Kathedral déi richteg festlech Stëmmung gezaubert, fir d’Ried vun eisem Staatschef anzeleeden.

RTL

 
20.00 Auer: Chrëschtconcert aus der Philharmonie & Chrëschtmetten

Hei fannt Dir bis den 3. Januar de Replay vum Concert. 

Wat wär d’Chrëschtzäit ouni Chrëschtmusek? An déi Musek muss een net just am klenge Krees lauschteren, mee kann een direkt mam Public am grousse Sall vun der Philharmonie deelen. Wéi all Joer wäert hei d'Luxembourg Philharmonic zesumme mat professionelle Chéier an dem Public déi schéinste Chrëschtlidder spillen a sangen. Op Hellegowend diffuséiere mir dësen aussergewéinleche Concert op RTL Télé. Mat derbäi sinn: Luxembourg Philharmonic, Chœur de Chambre du Conservatoire de la Ville de Luxembourg, Chanteurs du chœur de l'INECC Luxembourg, Pueri Cantores du Conservatoire de la Ville de Luxembourg, Ivan Boumans, Pierre Nimax a vill anerer.

An nom Concert diffuséiere mir live déi feierlech Chrëschtmetten aus der Kathedral.

RTL

25. Dezember

19.00 Auer: Journal
19.20 Auer: Picco Bello
20.00 Auer: Déi kleng Wurschtelfee

Hei fannt Dir bis den 3. Januar de Replay vum Film.

Déi frech Fee Violetta verléiert sech an der Welt vun de Mënschen. Fir an hir Feeëwelt zréckzekommen, trëfft hatt sech mam Maxie, engem Meedchen vun 12 Joer, an entdeckt hei op wat et wierklech ukënnt.

Regie: Caroline Origer
Produktioun: Fabrique d’Images
Durée: 85 Min

RTL

26. Dezember

19.00 Auer: Journal
19.20 Auer: Lëtzebuerger am Ausland*
20.00 Auer: Little Duke

Hei fannt Dir bis de 5. Januar de Replay vum Film.

Eng Ierfschaft bedeit net onbedéngt d'Enn vun alle Suergen. Op jidder Fall net fir zwee eeler Frënn, béid Ufank 60, déi nom Doud vun hirem Adoptivpapp de "Little Duke" ierwen. Den iresche Pub an der idyllescher Ënnerstad vun deem räiche Lëtzebuerg huet seng beschten Zäit well laang hannert sech, ass mëttlerweil héichverschëlt, renovéierungsbedürfteg, awer passt perfekt an de Beuteschema vun de Bauspekulanten, déi dee ganze Quartier sanéiere wëllen.Wat maachen? Am Rentenalter nach eng Kéier duerchstarten, de Pub nei beliewen oder dem Drock vun de Spekulanten noginn? De schwieregen, awer clevere Wee vun zwee ale Männer, engem Realist an engem onverbesserlechen Optimist, duerch d’Welt vun de Räichen a Mächtegen.

E Film vum Andy Bausch.
Mat: André Jung, Luc Feit, Valérie Bodson, Marco Lorenzini, Mayson Bossi
Geschriwwe vun: Frank Feitler & Andy Bausch
Produzéiert vun: Paul Thilges & Adrien Chef
Durée: 112 Min

RTL

27. Dezember 

19.00 Auer: Journal
19.20 Auer: Lëtzebuerger am Ausland*
20.00 Auer: Serie: Mäi Wee (Rediffusioun vun den 4. éischten Episoden)

Hei fannt Dir all d'Episoden am Replay.

Jiddereen huet am Liewe mol Héichten a mol Déiften. Glécksmomenter an awer och Schicksaler, déi d'Liewen am Alldag veränneren. An dëser Docu-Serie léiere mir Mënsche kennen, déi eis hir Geschicht erzielen. Emotional an éierlech loosse si eis deelhuelen un hirem Wee duerch d'Liewen.

D'Docu-Serie vum Tim Hensgen.

RTL

28. Dezember 

19.00 Auer: Journal
19.20 Auer: Lëtzebuerger am Ausland*
20.00 Auer: Documentaire: Op der Sich no der perfekter Schoul  (Rediffusioun)

Hei fannt Dir den Documentaire am Replay.

Déi ëffentlech Schoul zu Lëtzebuerg bléckt op ronn 180 Joer Geschicht zeréck. D'Relioun, d'Gläichberechtegung fir Fraen a Meedercher an d'Sproochesituatioun sinn dobäi nëmmen e puer vun de vill diskutéierte Sujeten. Wat waren déi grouss Meilesteng fir d'Grondschoul an de Secondaire a wat fir Problemer bleiwen nach ze léisen?

En Documentaire vum Fränk Grotz
Durée: 50 Min

29. Dezember

18.05 Auer: Kid’s Phil – "Aschenputtel"

"Aschenputtel", de Musik-Danztheater fir Grouss a Kleng, aus dem Programm Kids’Phil vun der Philharmonie, zesumme mat de Lëtzebuerger Philharmoniker.
Durée: 51 Min

Net am Replay disponibel.

19.00 Auer: Journal
19.20 Auer: Lëtzebuerger am Ausland*
20.00 Auer: Sportréckbléck 2024

De Réckbléck op en erfollegräicht Sportjoer. Hei fannt Dir de Replay.

RTL

30. Dezember

19.00 Auer: Journal
19.20 Auer: Lëtzebuerger am Ausland*
20.00 Auer: Fourchette à gauche

Kuckt de Film bis den 12. Januar am Replay op RTL Play.

Au 107 route d’Esch, le Circolo Eugenio Curiel se trouve dans une situation embarrassante. Siège luxembourgeois du Parti communiste italien, dissous en 1991 et refondé en parti socialdémocrate, cette maison est prise en étau par les projets immobiliers qui fleurissent dans la capitale. Elle sera détruite début 2024. D’un point de vue architectural, l’immeuble, acheté en 1978 par cette Asbl n’a rien de particulier. Pourtant, ce lieu a fait les beaux jours de nombreuses associations, mais aussi d’organisations politiques luxembourgeoises. La trattoria et les salles de réunions constituent un lieu de mémoire pour les mouvements de la gauche plurielle. Garder une trace, c’est surtout parler de la naissance d’un berceau culturel pour le Luxembourg dont le résultat nous entoure et nous alimente de façon inconsciente aujourd’hui. Personnages publics, acteurs économiques, représentants du monde culturel, beaucoup d’entre eux se sont nourris intellectuellement et physiquement dans cet endroit improbable. Un rapport « militantisme – cuisine » qui a été la marque de fabrique du lieu. Un point d’équilibre entre la tête et le ventre.

E Film vum Donato Rotunno
Produktioun: Tarantula
Durée: 75 Min

RTL

31. Dezember 

19.00 Auer: Journal
19.20 Auer: Lëtzebuerger am Ausland*
20.00 Auer: CNA Owend

Erlieft op Sylvester Nostalgie puer! Dat mat Pärelen aus den Archive vum CNA.
Dës Kéier: Klibberkleeschen – en Documentaire vum Paul Scheuer, Geroges Fautsch a Maisy Hausemer aus dem Joer 1987. De Film dokumentéiert déi verschidde Bräich uechter d'Land.

1. Januar

19.00 Auer: Journal
19.20 Auer: Lëtzebuerger am Ausland*
19.30 Auer: Neijoerschinterview mam Premier

De Luc Frieden bléckt am Interview op dat vergaangent Joer zréck a gëtt en Ausbléck op 2025.

RTL

 

2. Januar

19.00 Auer: Journal
19.20 Auer: Lëtzebuerger am Ausland*
20.00 Auer: Läif a Séil

Hei fannt Dir de Lëtzebuerger Western bis den 12. Januar am Replay.

1838: Im Laufe mehrerer Jahrhunderte wurde Luxemburg von verschiedenen autoritären und ausländischen Regimen regiert. Hunger- und Krankheitswellen haben die Bevölkerung dezimiert.
Im Norden der verarmten Region lebt die Familie GRAFF, an deren Spitze ein Patriarch steht, in einem abgelegenen Dorf. Ihnen ist es zu verdanken, dass die Bewohner die ständigen Nöte und Katastrophen überlebt haben. Um ihre Zukunft zu sichern, haben sie strenge, fromme und bedrückende Regeln aufgestellt, die strikt befolgt werden müssen. Doch HELENE, kaum zwölf Jahre alt, weigert sich zu gehorchen und versucht mit Hilfe von JON, dem jüngsten Sohn von Graff, der sehr an HELENE hängt, zu fliehen.

Aus Rache werden HELENEs Eltern vor ihren Augen ermordet, JON wird gefoltert ... HELENE wird an einem Baum im Nirgendwo hängen gelassen.

15 Jahre später: Luxemburg ist endlich ein unabhängiger Staat. Die Landschaft wird durch den Bau einer Eisenbahnlinie verändert, aber die Familie GRAFF ist immer noch unangefochtene Herrscherin ihres befestigten Dorfes, trotz des Alterns und der zunehmenden körperlichen Gebrechlichkeit des Patriarchen.
Als sie eine Fremde, OONA, in der Nähe der Leiche von GRAFFs rechter Hand entdecken, beschließen sie, sie im Dorf aufzunehmen.

Realiséiert vum Loïc Tanson
Mat: Mat Sophie Mousel, Timo Wagner, Jules Werner, Luc Schiltz, Philippe Thielen, Marie Jung, Jean-Paul Maes, Denis Jousselin, Jeanne Werner, Larisa Faber, Konstantin Rommelfangen, Max Gindorff, Tommy Schlesser, Giusi Carenza, Jamie Baillie, Lou Beltramini.
Produzéiert vu Samsa Film
Durée: 123 Min

RTL

3. Januar

19.00 Auer: Journal
19.20 Auer: Lëtzebuerger am Ausland*
20.00 Auer: Operation Barbarossa 

Hei fannt Dir de Film bis den 13. Januar am Replay.

Sonndes, den 22. Juni 1941 iwwerfält Nazidäitschland d'Sowjetunioun an entfesselt domat e Konflikt vun onmoosseger Gewalt, dee Milliounen Doudeger fuerdert. Vill Betraffener vun dëser Tragedie, Ziviliste wéi Zaldoten halen hir schrecklech Erliefnisser an Amateurfilmer, Bréiwer an Tagebicher fest.

Dorausser entstanen ass den Documentaire "Operation Barbarossa" – eng Lëtzebuergesch-Franséisch Koproduktioun, realiséiert vum Thomas Sipp.

Produktioun: a_bahn
Durée: 2 x 42 Min

RTL

4. Januar

19.00 Auer: Journal
19.20 Auer: Lëtzebuerger am Ausland*
20.00 Auer: Documentaire: The road to Malmö 

Hei fannt Dir den Documentaire am Replay.

Mam Luxembourg Song Contest war d'Sich nom Kandidat fir d'Eurovisioun lancéiert. Am Documentaire huele mir Iech mat hanner d'Kulissen.

En Documentaire vum Tim Hensgen.
Durée: 57 Min

RTL

5. Januar

19.00 Auer: Journal
19.20 Auer: Lëtzebuerger am Ausland*
20.00 Auer: Take Off: Staffel 2 

Take kënnt zréck. 12 nei an héich motivéiert Jonker. Iwwer 30 nei a spannend Challengen. Nom Succès vun der éischter Science Challenge Show kënnt elo Take Off 2. Wie kritt sech dës Kéier am beschten debrouilléiert. Behält ënner Zäitdrock d'Nerven? A gewënnt de Geldpräis vun 10.000 Euro. De Start vun der zweeter Saison.

Durée: 50 Min

RTL

*Vum 23.12 un, ëmmer um 19h20: Lëtzebuerger am Ausland
Ob a Kalifornien, a Japan oder an Thailand - dës Lëtzebuerger hunn hei en neit Doheem fonnt an huelen eis mat an hir Heemescht. Wéi koum et derzou, dass si de Grand-Duché verlooss hunn a wéi gesäit hiren Alldag elo aus? Lëtzebuerger am Ausland - wäit ewech vun doheem. D'Serie u Portraiten an der Chrëschtvakanz.

Hei fannt Dir alleguer d'Episoden.