US-amerikanesche Realisateur David Lynch am Alter vun 78 Joer gestuerwen

© Chris Delmas / AFP
Dat huet dem David Lynch seng Famill iwwert seng offiziell Facebooksäit matgedeelt.
Zejoert hat de Kult-Realisateur vun ënner anerem der Serie Twin Peaks an de Filmer Lost Highway, Mulholland Drive, Blue Velvet, Eraserhead an Dune (1984) bekannt ginn, datt bei him wéinst jorelaangem Zigarettekonsum e Longenemphysem diagnostizéiert gouf. Iwwert déi genee Doudesursaach, gouf bis ewell näischt matgedeelt.
Fir de Film "Wild at Heart" gouf hien 1990 mat der Gëllener Palm ausgezeechent. Ausserdeem gouf hie véiermol fir den Oscar nominéiert a krut 2019 den Éierenoscar.
Den David Lynch war an de leschte Joerzéngte och aktiv als Acteur, Museker, Fotograf, Cartoonist, Moler an Expert vun transzendentaler Meditatioun.