Vum 6. bis de 16. Mäerz steet op en Neits alles am Zeeche vum Film

D'Programmatioun vun der 15. Editioun vum LuxFilmFest gouf an der Cinemathéik presentéiert.
Wéi gewinnt ass de Programm ganz divers, mat souwuel Fiktiounsfilmer an Documentairen, wéi och enger ganzer Programmatioun, déi der virtueller Realitéit dediéiert ass, Expoen a villes méi.
Hei d'Schreiwes mat den Detailer
Nieft internationale Produktiounen an exklusive Filmer, déi direkt no hirer Première op der Berlinale hei am Grand-Duché gewise ginn, sinn och d’Lëtzebuerger Filmer oder Co-Produktioune gutt vertrueden. Ënnert anerem wäert dem Desirée Nosbusch hiren éischte Long-Métrage "Poison" gewise ginn oder och nach den Documentaire vum Fränz Hausemer "Terre Rouge – Topographie du poète".
D'Haaptacteure vum Film "Poison" wäerten iwwerdeems och am Kader vum Festival zu Lëtzebuerg sinn. Dem Tim Roth ass fir eng Masterclass invitéiert, an d'Trine Dyrholm ass Deel vum Jury vun der offizieller Kompetitioun vum LuxFilmFest. De Jury gëtt presidéiert vum iranesche Realisateur Mohammad Rasoulof.
Nei dëst Joer ass en Owend, dee komplett de Serië gewidmet ass, dorënner och dräi Lëtzebuerger Produktioune respektiv Co-Produktiounen.
E Volet vum Festival sinn dann och déi sëlleg Kollaboratiounen, mat zum Beispill dem Mudam, dem Casino Forum d'art contemporain oder dem Neimënster. An Zesummenaarbecht mam Atelier gëtt "Peaches goes Bananas" gewisen, en Documentaire iwwer d’Punk-Ikon Peaches.
D’Organisateure vum Festival hunn iwwerdeems betount, datt ee versicht huet, an de schwieregen an deels bedréckenden Zäiten, an deene mer aktuell liewen, Filmer mat Humor mat an de Programm ze huelen, well de LuxFIlmFest och e Moment soll sinn, wou ee sech ka goe loossen, laachen an op aner Gedanke kommen.
Weider Detailer an de ganze Programm fannt der ënnert www.luxfilmfest.lu.