Wat steet punkto "Kino" am Joer 2025 un? Mir geheien e Bléck op déi Filmer, déi am éischten hallwe Joer an eise Kinossäll ze gesi sinn.

Nodeems mer an eisem éischten Artikel e Bléck op déi Filmer gehäit hunn, déi elo geschwënn erauskommen, respektiv bis spéitstens Juni 2025, leeë mer elo de Fokus op déi Filmer, déi tëscht Juli an Dezember 2025 an eis Kinoe kommen. Och hei hu mer natierlech en ausgewielte Choix vun enger ganzer Mass u Filmer erausgepickt.

Juli

Eng Film-Franchise, déi et schonn zënter den 90er Jore gëtt, eng kuerz Zäit am Ufank vun den 2000er manner ugesot war, an elo nees ugesot ze sinn... Rieds geet vun Jurassic Parc, enger Serie u Filmer, déi am Joer 1993 mam Film vum Stevens Spielberg säin Ufank hat. Mat "Jurassic World: Rebirth" kënnt elo de 7. Deel an de Kino, respektiv de 4. aus der Jurassic World-Serie. An den Haaptrollen sinn den Jonathan Bailey an d'Scarlett Johansson ze gesinn. De Kinostart vum Film ass fir den 2. Juli 2025 virgesinn.

Weider Filmer, déi am Juli erauskommen: "Superman" mam David Corenswet an engem weidere Film aus dem DC-Universum (11. Juli am Kino) a "Fantastic Four: The First Steps", e Prequel-Film iwwert d'Fantastic Four (25. Juli am Kino).

August

Laang gouf drop gewaart, den 8. August soll et dann souwäit sinn, dat mat enger Fortsetzung vu Freaky Friday (2003), dat mam Titel "Freakier Friday", erëm mam Lindsay Lohan an dem Jamie Lee Curtis als Duo an den Haaptrollen an och nees produzéiert vun Disney. Och wann et nach keen Trailer gëtt fir den 2. Deel vum beléifte Film, dierft awer wuel kloer sinn, dass och dës Kéier nees d'Protagonisten am Kierper vun deem anere stiechen a probéieren de Mëssel nees riichtzebéien. Eraus kënnt de Film den 8. August, dat klassesch am Kino.

Freaky Friday (2003)

E weidere Film deen am August erauskënnt ass "The Bad Guys 2", eng animéiert Komedie mat enger Band u "Gangster-Déieren", déi no hirem Optrëtt am Virgänger-Film "The Bad Guys", elo als "Good Guys" probéieren hiert d'Liewen ze meeschteren. Den 1. Deel aus dem Joer 2022 war gutt beim Public ukomm, eventuell kann den 2. Deel hei jo uknäppen.

September

De 5. September dann, perfekt wann d'Weider nees méi gro a kal gëtt, kënnt en neien Deel an der Horror-Serie "The Conjuring" an d'Kinoen, nämlech "The Conjuring: Last Rites" vum Regisseur Michael Chaves. Anzeuerdnen ass dëse Deel als Suite vun "The Conjuring: The Devil Made Me Do It" aus dem Joer 2021. Et ass am Ganze schonn den 9. Deel aus dem Conjuring-Universum, an den Haaptrolle sinn nees de Patrick Wilson an d'Vera Farmiga dobäi.

Den 12. September kënnt dann och nach "Downton Abbey 3" eraus, d'Suite vum historeschen Drama, gedréint vum Simon Curtis an ass, wéi den Numm et scho seet, no "Downtown Abbey" an "Downton Abbey: A New Era", den 3. Deel an der royaler brittescher Franchise.

Oktober

No The Black Phone aus dem Joer 2021, en iwwernatierlechen Horrorfilm vum Scott Derrickson, dee beim Release extrem gutt bei den Horror-Fans ukomm ass, kënnt elo den 2. Deel an de Kino, nämlech "The Black Phone 2". Black Phone baséiert op enger Kuerzgeschicht vum bekannte US-amerikanesche Schrëftsteller Joe Hill an handelt vun engem Telefon, iwwert deen d'Protagonisten d'Stëmme vun Affer vun engem Serie-Mäerder héiert. Release vum Film ass de 17. Oktober.

Weider Filmer déi am Oktober erauskomme sinn "Thron: Ares", den 3. Deel aus der "Tron"-Serie, dat mam Jared Leto an der Haaptroll (10. Oktober am Kino), a "Michael", engem Biopic iwwert de Popstar Michael Jackson, dat vu sengem Neveu Jaafar Jackson.

November

No Wicked aus dem Joer 2024, deen och mat engem oppene Schluss op en Enn geet, war kloer, dass en 2. Film an de Startlöcher steet. Dass den 2. Deel "Wicked: For Good" scho knapp e Joer nom éischten Deel erauskënnt, ass dann dach ongewéinlech séier. Fir genee ze sinn, soll de Film den 21. November, also ëm Thanksgiving an d'Kinoe kommen. Bei dësem Film ginn d'Meenunge jo ganz staark auserneen, déi eng si faszinéiert vum Film, déi aner wäerte sech den 2. Deel wuel net méi undoen, falls se den 1. Deel iwwerhaapt gekuckt hunn. Mat dobäi sinn natierlech nees d'Ariana Grande an d'Cynthia Erivo an den Haaptrollen.

Weider Filmer déi am November an eis Kinoe kommen, sinn: "Predator: Badlands", den neisten US-amerikanesche Science Fiction Film aus der bekannter Predator-Franchise (7. November am Kino) a "Zootopia 2", den 2. Deel vum Animatiounsfilm, deen am Joer 2017 den Oscar gewonnen huet (26. November am Kino)

Dezember

Pénktlech an der Woch viru Chrëschtdag kënnt den 3. Deel aus dem Avatar-Universum eraus. Ënnert dem Titel "Avatar: Fire and Ash" erzielt den James Cameron dem Public nees en neit Kapitel aus senger Fantasy-Welt, dat no Avatar: The Way of Water aus dem Joer 2022. Am Film soll dann och en neit Vollek virkommen, dat sougenannten Ash-Vollek, dat staark mam Element Feier verbonnen ass a souzesoen d'Antagonisten am Film wäert duerstellen. Release-Datum vum Film ass den 19. Dezember.

Weider Filmer déi fir Dezember annoncéiert goufe sinn "The Housemaid", e Film mam Sydney Sweeney, dat um Buch vum Freida McFadden baséiert a "Marty Supreme", en A24-Biopic iwwert den Dëschtennisspiller Marty Reisman, verkierpert vum Timothée Chalamet ënnert der Regie vum Josh Safdie.