Eng Ausstellung zum Thema Sprooch an Iwwersetzen
Alles dat sinn Theemen, mat deene sech déi aktuell Ausstellung am Lëtzebuerg City Musée mam Titel "babel heureuse?" beschäftegt.
D’Ausstellung baséiert op der Geschicht vum Tuerm vu Babel aus dem alen Testament an ze kucke ginn et allerhand Konschtwierker a Videoe vu fréier an haut, déi weise sollen, dass d’Méisproochegkeet net, wéi an der Bibel beschriwwen, eppes Schlechtes ass, mee d’Mënschheet iwwer d’Jore mat enger Villfältegkeet u Kulture beräichert huet.
Ronn 600 Joer viru Christus hunn d’Mënschen nëmmen eng Sprooch geschwat an haten de Plang, en Tuerm bis an den Himmel ze bauen: Den Tuerm vu Babel. Aus Angscht virun hirer Hybris, huet Gott d’Mënschheet du mat der Sproochevillfalt bestrooft a se dru gehënnert, an Zukunft weider als Eenheet zesummenzeschaffen, wat allerhand Konflikter mat sech bruecht huet. Esou steet et jiddwerfalls am alen Testament. Genau dës Geschicht war den Ausgangspunkt fir d’Ausstellung “babel heureuse?”.
Och wann et esou wierkt, wéi wann d’Sprooch an d’Geschicht am Vierdergrond stinn, ass et awer virun allem eng Ausstellung iwwer d’Iwwersetzen. Och wa mir haut d’Chance hunn, duerch Iwwersetzunge verschidde Kulturen ze kennen, féiert d’Sproochevillfalt och oft dozou, dass Iddie liicht verännert iwwersat ginn an et esou zu falschen Iwwermëttlungen an der Konscht kënnt.
Genau esou villfälteg wéi eis Sprooche sinn och d’Objeten, déi een an der Ausstellung ze gesi kritt. Vun enger aler Tountafel bis hin zu Filmer an zäitgenësseschen Installatiounen, gëtt et villes ze kucken. An deem ganzen Duerchernee stécht och ee Message, esou den Direkter vum Lëtzebuerg City Musée, Guy Thewes, eraus: D’Méisproochegkeet ass beräicherend an et ass schéin, dass d’Mënschen all ënnerschiddlech sinn.
Bis den 13. Juli kann ee “babel heureuse?” nach an de Lëtzebuerg City Musée kucke goen.