Et ass eng Traditioun, déi schonn op e Véierelsjoerhonnert zeréckkucke kann: den 19. Mäerz fänkt déi 25. Editioun vum spuenesche Filmfestival un.

Vu Thriller bis Comédie: déi Responsabel vum spuenesche Kulturzenter Circulo Antonio Machado hunn 12 Filmer aus ganz ënnerschiddleche Genren erausgesicht. Filmer aus Spuenien, Argentinien, Costa Rica a Kolumbien. All Filmer gi mat engleschen Ënnertitele gewisen an als klengen Extra ass virun all Long-métrage nach e Kuerzfilm programméiert. Wéi ëmmer ass et den Organisateure wichteg gewiescht, nëmmen dat Bescht vum spueneschsproochege Kino op de groussen Ecran vun der Cinématèque an dem Utopia ze bréngen. Sou huet zum Beispill "Marco - The Invented Truth" an zwou Kategorien de renomméierte Goya gewonnen an d'Carolina Yuste krut de Goya fir best Actrice fir hir Roll an "La Infiltrada"

Dësen Thriller gëtt e Mëttwoch den 19. Mäerz als Opener vum Festival gewisen. "La infiltrada (Undercover)" vun der Réalisatrice Arantxa Echevarría  baséiert op der realer Geschicht vun enger jonker Undercover-Agentin déi d'ETA infiltréiert hat.

"La infiltrada" Trailer

Och den zweete Film vum Festival gouf vun der Arantxa Echevarría realiséiert. An "Chinas" erzielt si d'Geschicht vun dräi jonke Meedercher mat chineeseschen Originnen, déi a Spuenien liewen.

"Chinas" Trailer

An ¡Salta! (Jump!) geet et ëm zwee ongläich Bridder, vun deenen een am Joer 1989 verschwënnt. 2022 taucht den Teo nees op an et stellt sech eraus, dass hie mat Hëllef vun engem Wuermlach duerch d'Zäit gereest ass.

¡Salta! Trailer

"Contratiempo" (The Invisible Guest) ass en Thriller vum Realisateur Oriol Paulo. Den Adrian erwächt an engem Hotelszëmmer nieft der Läich vun enger Fra a geréit ënner Mordverdacht.

"Contratiempo" Trailer

"Marco, la verdad inventada" (Marco, the Invented Truth) erzielt d'Liewen (an der Ligge) vum Enric Marco dee sech fälschlecherweis als Iwwerliewende vum Holocaust ausginn huet.

"Marco, la verdad inventada" Trailer

Wie léiwer eng schrill Komedie huet, dee sollt sech "Historias lamentables" notéieren. Véier ganz verschidde Leit an hir Mëssgeschécker an dësem Film vum Realisateur Javier Fesser.

"Historias lamentables" Trailer

"La estrella azul" (The Blue Star) ass eng spuenesch-argentinesch Koproduktioun, déi sech um Liewe vum spuenesche Museker a Poet Mauricio Aznar inspiréiert.

"La estrella azul" Trailer

D'Actrice Malena Alterio huet direkt e puer Präisser fir hir Haaptroll a "Que nadie duerma" (Something is about to happen) gewonnen. Si spillt d'Lucia, eng IT-Spezialistin, déi hir Aarbecht verléiert a sech mat Taxi-Fueren iwwer Waasser hält.

"Que nadie duerma" Trailer

"Memorias de un cuerpo que arde" (Memories of a burning body) ass e Film aus Costa Rica, deen déi weiblech Sexualitéit aus der Siicht vun dräi Fraen, dem Ana, dem Patricia an dem Mayela, kuckt.

"Memorias de un cuerpo que arde" Trailer

"Los reyes del mundo" (The kings of the world) dat si fënnef Stroossekanner aus der kolumbianescher Stad Medellín. Wéi ee vun hinnen en Terrain um Land ierft, maachen si sech op de Wee.

"Los reyes del mundo" Trailer

"Soy Nevenka" (I am Nevenka) baséiert op der Geschicht vun der Nevenka Fernandez, déi 2002 als éischt Fra e Prozess wéinst sexueller Belästegung géint e Politiker gewonnen huet.

"Soy Nevenka" Trailer

"Abuelos" (Grandpas) dat sinn dräi Bopen, déi sech selwer an hirem Ëmfeld beweise wëllen, dass si sech ëmmer nach an der Aarbechtswelt behaapte kënnen.

"Abuelos" Trailer

All d'Séancen op ee Bléck:
Mëttwoch 19. Mäerz – Utopia. La infiltrada, de Arantxa Echevarría (18:30 | España 2024 | vost EN | 118’)
Donneschdeg 20. Mäerz – Utopia. Chinas, de Arantxa Echevarría (18:30 | España 2023 | vost EN | 112’)
Freideg 21. Mäerz -Utopia. ¡Salta!, de Olga Osorio (18:30 | España 2023 | VO | 85’)
Dënschdeg 25. Mäerz – Cinématèque. Contratiempo, de Oriol Paulo (18:30 | España 2017 | vost EN | 106’)
Donneschdeg 27. Mäerz – Utopia. Marco, de Aitor Arregui y Jon Garaño (18:30 | España 2024 | vost EN | 98’)
Samschdeg 29. Mäerz– Cinématèque. Historias lamentables, de Javier Fesser (18:00 | España 2020 | vost EN | 126’)
Sonndeg 30. Mäerz– Cinématèque. La estrella azul, de Javier Macipe (19:30 | España-Argentina 2024 | vost EN | 129’)
Méindeg 31. Mäerz – Utopia. Que nadie duerma, de Antonio Méndez Esparza (18:30 | España 2023 | vost EN | 122’)
Dënschdeg 1. Abrëll– Utopia. Memorias de un cuerpo que arde, de Antonella Sudasassi (18:30 | Costa Rica 2024 | vost EN | 90’)
Donneschdeg 3. Abrëll– Utopia. Los reyes del mundo, de Laura Mora Ortega (18:30 | Colombia 2022 | vost EN | 111’)
Freideg 4. Abrëll – Utopia. Soy Nevenka, de Icíar Bollaín (18:30 | España 2024 | vost EN | 110’)
Samschdeg 5. Abrëll – Utopia. Radical, de Christopher Zalla (16:00 | México 2023 | vost EN | 120’)
Sonndeg 6. Abrëll – Utopia. Abuelos, de Santiago Requejo (16:00 | España 2019 | vost EN | 98’)
Dënschdeg 8. Abrëll – Utopia. La infiltrada, de Arantxa Echevarría (18:30 | España 2024 | vost EN | 118’)