Schmier oder Bottesch? Päiperlek, Pimpampel oder Millermoler? Äntwerten op déi an op jett aner Froe gëtt et am Band 2 vum "Lëtzebuerger Sproochatlas".

Geschwënn ass et esou wäit: E Mëttwoch, den 19. Mäerz ëm 19 Auer gëtt de Sproochmates Iech Rendez-vous an der Nationalbibliothéik, wann den zweeten Deel vum "Lëtzebuerger Sproochatlas" virgestallt gëtt. Déi zwee Bänn sinn zesummegeholl e monumentaalt Wierk iwwer d'Lëtzebuerger Sprooch, et sinn d'Recherchen, déi den Alain Atten an de 1960er- an 1970er-Jore am Land an och iwwert d'Grenzen eraus gemaach huet. Et ass , wéi e selwer seet, d'Basis vum Sproochmates sengem Wëssen iwwer d'Lëtzebuergescht.

Digitaliséiert a grafesch opbereet, also op d'Kaart vum Lëtzebuerger Land projezéiert, goufen déi Hellewull Date vum Geosproff a Kartograf Claude Schmit. De Layout ass vum Patrick Hallé an deen hat par rapport zum éischte Band déi Kéier nach e bësse méi ze dinn, well eng ganz Partie vun Objeten, fir déi den Alain Atten no de lokalen Nimm gefrot hat, och als Zeechnung am Buch dra sinn.

Iwwerdeems de Band 1 als "Laut- a Formenatlas" sech mat ënnerschiddlechen Aussproochvariante vun engem an deemselwechte Wuert befaasst huet (zum Beispill eis, äis, is, ons), geet de Band 2 als "Wuertatlas" op ënnerschiddlech Wierder fir eng an déi selwecht Saach an – also Schmier oder Bottesch oder Päiperlek, Pimpampel, Millermoler?

De Band 2 dierft dann och méi zougänglech fir de Grand public si wéi de Band 1, well ee sech manner an der Phoneetik muss auskennen, fir en ze genéissen: Hei kritt een ënnerschiddleche Wierder virgestallt, wéi se am Norden an am Süden, am Osten an am Zentrum, am Westen an och am Areler Land gebraucht goufen oder och nach ëmmer gebraucht ginn.

Gratis, awer umellen

Erausgi gëtt de "Lëtzebuerger Sproochatlas – Wuertatlas" genee wéi den éischte Band vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch zesumme mat der Section Linguistique, Ethnologie et Onomastique vum Institut Grand-Ducal den 19. Mäerz an der Nationalbibliothéik. Duerch den Owend féiert d'Christiane Kremer. Den Entrée ass fräi, ëm eng Umeldung gëtt awer gebieden.

Enn 2024 war den Atlas am A3-Format zu Lëtzebuerg gedréckt ginn, éier en an Däitschland gebonne gouf. Geschwënn ass d'Liewenswierk vum Alain Atten dann elo iwwerall ze kréien, no der offizieller Presentatioun dierft et an de meeschte Librairien ze fanne sinn.

Lëtzebuerger Sproochatlas: Den Drock vun der 2. Editioun huet ugefaangen.
Den Alain Atten huet a Kollaboratioun mam Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch eng weider Editioun vum Lëtzebuerger Sproochatlas ausgeschafft.