De Comic-Zeechner an Auteur Volker Reiche war Mëtt der Woch zu Lëtzebuerg. Am Athenée huet hien eng Konferenz gehalen an huet viru Schüler iwwer seng Karriär gezielt.

Dobäi gouf de Prozess erkläert, wéi aus enger Skizz e fäerdege Comic entsteet.

Zeechner Volker Reiche am Athénée / Reportage: Carla Schuller

Wéi de Volker Reiche d’Invitatioun vum Institut Pierre Werner krut, war hien iwwerrascht. Hien hätt net geduecht, dass sech zu Lëtzebuerg ee fir seng Aarbecht interesséiert, sou den haut 80 Joer alen Zeechner. Zesumme mat enger Rei Klassen aus verschiddene Joergäng duerchlieft hie seng 50 Joer Beruffserfarung als Comic-Zeechner. Do geet et vum Donald Duck iwwer de Mecki bis hin zur Serie Strizz.

RTL

© Carla Schuller / RTL

Selwer gesäit de Volker Reiche sech awer net als Zeechner, mee an éischter Ligne als Erzieler vu senge Geschichten. D’Zeechnen ass fir hien net dat Wichtegst. De Wee vum Droit-Student zum Comiczeechner, och wann en net ëmmer einfach war, soll eng Motivatioun fir déi Jonk sinn, erkläert de Volker Reiche:

"Opa erzählt von fünfzig Jahren Beruf, und das ist überhaupt nicht, in keiner Weise bindend. Es ist vielleicht ein kleiner Anstoβ, dass man sagt, man kann vielleicht mal was wagen, man kann sagen, ich hab das und das studiert, aber das Leben ist auch, es kann och nochmal mit 29 Jahren einen Dreh geben, wenn es mich richtig juckt, etwas anderes zu machen, wo ich denke, das bin mehr ich."

Den Zäitgeescht vun 1968 hätt hien dozou bruecht, dat ze maachen, wat hie wierklech wëll a sech net de gesellschaftleche Strukturen unzepassen.

RTL

© Carla Schuller / RTL

D’Schüler ware vum Virtrag iwwert eng ongewéinlech Karriär begeeschtert:

"Ech hunn et eben och ganz interessant fonnt, emol vun engem Comiczeechner eppes ze héieren an ze wëssen, wéi e Comic entsteet, well een dat normalerweis elo net esou onbedéngt am Alldag ebe matkritt."

"Den Här ass jo an der Nokrichszäit opgewuess an huet säi ganzt Liewe quasi duerch déi däitsch Geschicht och gelieft an ech mengen, dat ass och immens interessant, dass een dat och deels a senge Wierker erëmgesäit."

"Also ech perséinlech kann net zeechnen, dofir gëtt dat elo net immens interessant fir mech duerno spéider am Liewen ze maachen, mee et war awer ganz interessant, och wéi hie gezeechent huet, dat am wierkleche Liewen ze gesinn an ze gesinn, wéi schnell a gutt hien dat einfach moolt."

Et wéilt een dat richtegt Liewen an d’Schoul brénge fir de Kanner och aner Liewensweeër ze weisen, erkläert d’Anne Beckius, Däitschproff am Kolléisch:

"Eigentlech wëlle mer de Schüler och mat op de Wee ginn, dass Literatur a Konscht zesummegehéieren an datt se sech kënnen inspiréiere loossen, datt et och net just nach Wëssenschaften op der Welt ginn, mee datt se och eppes aneres kenneléiere sollen an dat och da mat heem huelen an och wéi ee mat der Welt, wéi se hautzedaags ass, eeben och ëmgoe kann, andeems ee vläicht eeben och seng Distanzen hëlt, andeem ee moolt oder schreift."

D’Enseignante gëtt nach mat op de Wee, datt Schüler sech net sollen dovunner ofbrénge loossen, dat ze maachen, wat hinnen um Häerze läit, och wann et net den Normen entsprécht.

RTL

© Carla Schuller / RTL