Mëttelméissegen Acteur, Trump-Fan an Zil vu sëllege Spréch. Den Chuck Norris ass Kult. Oder ass de Kult Chuck Norris?

Als Carlos Ray Norris jr. kënnt den Chuck Norris 1940 am Oklahoma op d'Welt. Béid Elterendeeler sinn hallef Cherokee, hallef iresch. No der High School trëtt hien an d'Air Force an a gëtt 1960 bei der Militärpolice a Korea stationéiert. Do krit hie vu senge Kolleege de Spëtznumm "Chuck", an hie fänkt u sech fir asiatesch Kampfkonscht ze begeeschteren.

Den Norris gëtt deen éischte westleche Mann, dee mam 8. Dan am Taekwondo ausgezeechent gëtt. Duerno mécht hie Kampfsport-Schoulen op, hëlt un Tournoien deel a léiert do de Bruce Lee kennen. Dëse verhëlleft him zu éischte Kontakter mat Hollywood.

1974 ass Schluss mam Kampfsport. De Steve McQueen iwwerriet den Norris dozou, definitiv Acteur ze ginn. Et ass den Ufank vun enger laanger Serie un Actionfilmer - mat mol méi mol manner Succès. 1993 krit den Chuck d'Haaptroll an der Tëleesserie "Walker, Texas Ranger", éiert e sech 2005 fir 7 Joer aus dem Filmbusiness zréckzitt. An där Zäit gëtt hien zum Éieremember ernannt vun de Rangers, an hie grënnt d'Hëllefsorganisatioun "Kickstart", déi géint Gewalt an Drogenhandel op de Schoule virgeet.

RTL

© AFP

Aus senger stereotypper Roll vum Eenzelgänger an Actionheld, deen ni verléiert, entwéckele sech ëm 2005 di éischte Spréch a Witzer. Entretemps ginn et sëllegen Internetsäiten, déi sech mat deem Thema beschäftegen. Hie selwer fënnt deen een oder anere Fakt duerchaus amüsant, mee wëllt awer net mat Gott verglach ginn.

Den Chuck Norris ass a sengem Privatliewe Papp vu 5 Kanner, hien ass fir Waffefräiheet an e grousse Supporter vum aktuellen US-President. Hie steet fir di konservativ Wäerter a gesäit et als seng Missioun un, seng Landsleit dorun z'erënnere wat et heescht, e richtegen Amerikaner ze sinn. Glawen, Famill, Fitness, Fräiheet a Kampf - iwwert seng perséinlech Internetsäit verkeeft hie Sëlwermënze mat sengem Kapp a mat deene 5 Schlagwierder drop.

Den Chuck Norris gëtt op dësem 10. Mäerz 85 Joer al. Kréie mir dann och 85 Spréch iwwert hien zesummen? Et ass un Iech! Post hei drënner: