"Et ass e bësse verspillt, mee awer och e staarke Message"
Mam Lidd "La poupée monte le son" wäert d'Laura Thorn Lëtzebuerg beim ESC zu Basel vertrieden.
Am Lidd geet et drëms, sech géint Manipulatioun a Kontroll ze wieren an déi eege Stëmm erëmzefannen. An dee Statement huet zwou Geschäftsfraen esou gutt gefall, dass si en elo op T-Shirten drécke loossen.
Wéi d'Claudie an d'Stéphanie Grisius dem Laura säin ESC-Lidd héieren hunn, war fir d'Schwësteren direkt kloer, dass si den Titel vum Lidd op T-Shirten wéilte bréngen. Si sinn d'Käpp hannert enger lëtzebuergescher Mark, déi bekannt ass fir hir T-Shirte mat Sloganen. Se droen ënnert anerem Messagen, mat deene se Fraen ënnerstëtze wëllen. "La poupée monte le son" géif sech do gutt areien. Déi nei Interpretatioun vum France Gall hirem Lidd géif hinne gefalen, ma och d'Laura Thorn als Persoun, esou d’Claudie Grisius:
"Hatt huet esou eng 'quirleg' Perséinlechkeet a mir fannen, et passt einfach gutt mat eiser Mark zesummen. An effektiv, den Titel seet jo am Fong alles. Et ass e bësse verspillt, mee et ass awer och e staarke Message."

© RTL / Voltage
An dee Message gëtt et elo an de verschiddenste Faarwe fir unzedoen – wat och d'Laura Thorn freet:
"Ech weess elo schonn, dass ech op all meng Danzprouwe mat deem T-Shirt goe wäert. Et ass awer och eng déck schéin Erënnerung. Ech mengen, wann ech deen an 30 Joer rëm auspaken, dat mécht dann eppes mat engem. Ech fannen dat wierklech mega cool."
Am Mee kritt een zu Basel "La poupée monte le son" also net nëmmen ze héieren, mee och ze gesinn.