Hamlet vum William Shakespeare am KulTourhaus zu Hunchereng
Hamlet – ee vum William Shakespeare senge grousse Klassiker gëtt vum Kaleidoskop Theater nei opgeluecht, dat an enger moderner Inzenéierung vum Jean-Paul Maes a mam Timo Wagner als Hamlet.
“Sinn oder net sinn?”, déi Fro stellt sech den Hamlet am Shakespeare sengem Theaterstéck mam nämmlechte Numm. Erzielt gëtt d’Geschicht vun engem Dänesche Prënz, deen nom Mord u sengem Papp verréckt gëtt an ëmmer erëm vum Verstuerwene sengem Geescht besicht gëtt. Dëse behaapt, dass dem Hamlet säi Monni de Mord um Papp begaangen huet a wëll elo, dass de Jong sech um Mäerder rächt.
Et ass en Theaterstéck, wat schonn oft an a ville Länner, Sproochen a Versiounen opgefouert gouf. Genau dowéinst wollt ee beim Kaleidoskop-Theater deen alen Text elo nei erzielen. Den Intendant Jean-Paul Maes an de Schauspiller Timo Wagner, dee schonn oft fir de Kaleidoskop opgetrueden ass, hu sech zesumme gesat an als Aufgab geholl, Hamlet zu Hunchereng op d’Bün ze bréngen andeems een dem Theaterstéck eng nei Dimensioun gëtt.
Deemno ass et elo keng klassesch Inzenéierung ginn, wéi ee se villäicht am Globe Theatre zu London géif gebuede kréien. Vill Elementer, wéi zum Beispill d’Bünebild oder de Kostümsdesign goufe moderniséiert. Trotzdeem kritt een dee klasseschen Text an der éischter däitscher Iwwersetzung vum August Wilhelm von Schlegel gebueden, ma et spillt sech awer anescht wéi am Original alles am Hamlet sengem Kapp of.
Gespillt gëtt den Hamlet da vum Timo Wagner, deen houfreg ass esou eng prominent Roll, dierfen ze verkierperen, ma wéi de Schauspiller seet, bréngt esou eng Roll och vill Schwieregkeete mat sech, virun allem well een esou en alen Text léieren a fir de Publik verständlech eriwwer brénge muss.
D’Première vun Hamlet ass de 15.03. zu am KulTourhaus zu Hunchereng a leeft nach bis de 26.03. Eng zousätzlech Opféierung gëtt et den 18.05 am Stadhaus zu Déifferdeng.