Documentaire weist Problemer hannert der industrieller Produktioun

© Emma Felgen
"Food for Profit" heescht den Documentaire, dee weist, wéi vill Milliarden Euro d'EU an d'Intensivlandwirtschaftsbetriber stécht.
D’Realisateure vum Film implizéieren domat souwuel, dass d’EU Déieremësshandlung ewéi Ëmweltverschmotzung indirekt ënnerstëtzt. De Lëtzebuerger Déiereschutzveräin Frida huet d’Journalistin Giulia Innocenzi, déi den Documentaire geschriwwen an inzenéiert huet, op eng Pressekonferenz op Lëtzebuerg invitéiert.
Lescht Joer am Februar gouf den Documentaire déi éischt Kéier gewisen am EU-Parlament. Undercover huet d’Team hannert dem Documentaire d’Problemer hannert der industrieller Produktioun ermëttelt. Nieft der Mësshandlung vun Déiere goufen Themen ewéi Waasserverschmotzung, d'Ausbeutung vu Migranten esou ewéi de Verloscht vu biologescher Diversitéit ugeschwat.

© Emma Felgen
Beim Adela Fuentes, der Presidentin vum Lëtzebuerger Déiereschutzveräin FRIDA - For the right Dignity of Animals – huet de Film Androck hannerlooss
"Ech fannen deen Documentaire immens wichteg, well en eis een Abléck gëtt, dee mir ni wäerte kréien an dass de ganze System vun der Landwirtschaft muss iwwerduecht ginn, et kann net esou weidergoen. Dass do Suen erafléissen, dass Bauere sech d’Liewen huelen."
Politesch Konsequenze vum Documentaire waren ënnert anerem, dass zwee Membere vum Europaparlament sech hu missen zeréckzéien. Si goufen heemlech am Documentaire bei “kriteschen” Aussoe gefilmt. (Paolo de Castro, Clara Aguilera) Déi italieenesch Journalistin Gulia Innocenzi ass awer nach net zefridden.
"Et gëtt kee Grond, firwat mir mat eise Steiersue sollten Intensivlandwirtschaft finanzéieren. Domat gëtt d’Ëmwelt zerstéiert, si ass eng Gefor fir de Klimawandel, et ginn Déiere mësshandelt a wat mir gesinn, ass schrecklech. Et ass och geféierlech fir eis Gesondheet, also soll mir een e Grond soen, firwat mir dat sollte finanzéieren, mee et gëtt kee Grond firwat."
D’Haaptfuerderung vum Film ass kloer: Schluss mat den ëffentleche Subventioune fir Massendéierenhaltung. D'Adela Fuentes fënnt, et gëtt generell net genuch iwwert den Déiereschutz geschwat.
"Dass een an de Schoule sensibiliséiert an am Kader vun der Viso uschwätzt, mee ech mierken et awer och ënnert de Kolleegen, den Déiereschutz gëtt nach ëmmer net oft ugeschwat. Also engem, deem d'Thema läit sécherlech, mee et gi Klassen, déi gi vum éischte bis sechste Schouljoer, si hunn awer nach ni iwwert den Déiereschutz geschwat."
Dass all d'Déieren d'nämmlecht behandelt solle ginn, wier fir d’Presidentin vu Frida dee richtegen Usaz.