Nemo kënnt de 7. November an den Atelier

© Eurovision.tv / EBU (Archivbild)
Nom Tali, Loreen, Mustii a Louane bréngt den Atelier ee weideren Eurovision-Act op Lëtzebuerg.
Nemo, Gewënner vum Eurovision Song Contest 2024, kënnt am Kader vun der Europa Tour "Break The Code" am November op Lëtzebuerg.
Do kënnt natierlech Virfreed zwee Méint virum Eurovision Song Contest 2025 zu Basel an der Schwäiz op. An och wann Nemo am November an d'Stad kënnt: virum ESC ass nom ESC...
Mam Lidd "The Code" huet Nemo d'lescht Joer net just de Jury beim ESC zu Malmö begeeschtert, mä och de Public. Fir eng alleréischte Kéier huet eng nonbinär Persoun den internationale Gesangsconcours gewonnen. Fir d'Schwäiz war et schonn déi drëtt Victoire.
Nemo live gesinn!
RTL.lu gëtt Iech d'Geleeënheet, fir gratis beim Concert mat dobäi ze sinn.
Wat musst Dir dofir maachen? - Beäntwert eis dës Fro: Wat heescht "Nemo"?
Schéckt eng SMS mat der richteger Äntwert esou wéi Ärem Numm an E-Mail-Adress op de 62468 (0,50 € de Message) a gewannt mat e bësse Chance Är Koppel Ticketen.
Vill Gléck!
D'Tickete ginn offiziell e Freideg um 10 Auer an d'Vente op atelier.lu.