"Ech mengen net, dass et um Ausstierwen ass. D'Leit sichen no Alternativen zu de Bildschiermer"
Ronn 75 Joer ass et hier, dass mam Bimbo-Theater den éischte Lëtzebuerger Marionettentheater an d’Liewe geruff gouf.
Zu där Zäit haten esou Virféierunge fir Kanner nach keng grouss Konkurrenz. An Zäite vu Smartphones a Videospiller gesäit dat e bëssen anescht aus. Och haut gëtt et nach de klassesche Poppentheater. Ma wéi huet e sech verännert a wéi vill Uklang fënnt en nach?
Et ass Sonndegnomëttes an eng 20 Kanner hu mat hiren Elteren de Wee op Zowaasch an d’Poppespënnche fonnt. Zanter bal 10 Joer sinn hei all Sonnde Poppevirféierungen – mol op Lëtzebuergesch, mol op Däitsch, mol op Franséisch.
De Pit Vinandy ass eent vun de Gesiichter hannert der Poppespënnchen. Seng Passioun fir Poppentheater huet schonn als Kand ugefaangen: "Nom Bimbotheater si mer heemgaangen an hunn am Keller e Poppentheater opgeriicht an d’Nopeschkanner 50 Cent Entrée gefrot. Ech hunn am Fong als Kand ugefaangen domat, an dat ass hänke bliwwen. Mat 23 hunn ech meng éischt richteg Poppe gebaut", sou de Pit Vinandy.
Wann een zu Lëtzebuerg vu Poppentheater schwätzt, kënnt een net laanscht de Bimbo-Theater. 1953 haten d’Medi an de Max Geiben déi éischt Virstellung mat hirem Marionettentheater, an dem se vun de Poppe bis bei d’Bün alles vun Hand selwer gebaut hunn. Méi wéi 30 Joer laang si si mat hirem Theater duerch Europa gereest, an hunn d’Kandheet vu ville Kanner gepräägt, ier se schlussendlech decidéiert hunn, e privat ze verkafen.
12 Joer méi spéit, am Joer 2000, huet de Pit Vinandy mam Angie Schneider – der Niess vum Max a Médi Geiben - de Bimbo-Theater erëm operstoe gelooss. Bis haut trieden si domat op. Sou munches hätt sech iwwert d’Joren awer geännert. Sou sinn si als Poppespiller haut zum Beispill net méi verstoppt an d’Stécker géifen sech och net méi iwwert e Programm vu véier Stonnen zéien, wéi dat fréier de Fall war:
"Eis Stécker si maximal eng Stonn laang an dat ass scho laang. Well d’Kanner hunn eng Opmierksamkeetsspaan vun 20 Minutten an dann ass et eriwwer. An da muss dotëscht eppes komme wou se interaktiv kënne sinn, fir dass bësschen Ofwiesslung kënnt. Dat huet sech effektiv geännert", erkläert de Pit Vinandy.
Mam "Sandmännche Pit" waren et 1995 och Marionetten, déi d'Haaptroll an der éischter Serie gespillt hunn, déi zu Lëtzebuerg fir RTL produzéiert ginn ass. Déi 10 éischt Episode vun der kultescher Kannersendung fannt Dir elo exklusiv am RTL Play.