Algarve am Joer 1943 - Angscht an Awerglawen dominéieren
"Finisterra", esou heescht eng vun den neie Serien, déi de leschte Sonnden am Kader vum LuxFilmFest hir Avant-Première haten.
"Finisterra" ass eng lëtzebuergesch-portugisesch Koproduktioun mat immersive Biller.
De portugiseschen Duo Guilherme Branquinho a Leone Niel hunn zesumme mat de Lëtzebuerger Produzente vu "Wild Fang Films" d'Serie "Finisterra" realiséiert. Dës spillt 1943 an engem klengen Duerf an der Algarve, wou Angscht an Awerglawen dominéieren. De Fabio Godinho ass e Lëtzebuerger Schauspiller mat portugisesche Racinnen a spillt e Paschtouer an der Serie.
Bei enger Koproduktioun ginn déi verschidden Aarbechtsvoleten opgedeelt, esou sinn d'Virproduktioun an d'Dréiaarbechte gréisstendeels a Portugal entstanen an ee groussen Deel vun der Post-Produktioun, wéi de Montage oder d'Kompositioun vun der Musek, zu Lëtzebuerg. "Finisterra" huet Momenter vum Thriller, ma awer och vun der Fiktioun. Virun allem awer ass se gepräägt duerch seng düster, immersiv Biller. Am Ganze ginn et 7 Episode vu jeeweils 45 Minutten.
Déi éischt Episod vu "Finisterra" kann een dëse Samschdegowend um 20 Auer op RTL (14.3.2025) kucken, dat Ganzt op Portugisesch mat franséischen an engleschen Ënnertitelen. A wie wësse wëll, wéi et weidergeet, fënnt déi aner Episoden vun e Samschdeg un um RTL Play.