Um Luxembourg Film Festival
Groussherzoglech Koppel besicht immersive Pavillon

© Cour Grand-Ducale / Kary Barthelmey
De Grand-Duc an d'Grande-Duchesse hunn zu Neimënster den immersive Pavillon besicht, deen am Kader vum Luxembourg Film Festival organiséiert gouf.
A Begleedung vum Kulturminister Eric Thill a vun de Responsabele vum Festival huet déi groussherzoglech Koppel sech begeeschtert gewise vun de neisten technologeschen Entwécklungen an der virtueller Realitéit.
Déi 8. Editioun vum Festival, dee vum Film Fund Luxembourg organiséiert ass, geet e Sonndeg Owend op en Enn.

© Cour Grand-Ducale / Kary Barthelmey
Am meeschte gelies