Expo am Tramsschapp iwwert déi vill Facettë vum Schafensprozess
"Rebirth" ass den Titel an d’Thema vun der Fréijoersausstellung vum Cercle Artistique de Luxembourg (CAL), déi ee nach bis e Sonndeg am Tramschapp um Lampertsbierg ka gesinn.
Eng Expo, fir déi de CAL neie Wand wollt erabréngen an dofir op en neie Wee gaangen ass.
D’Nathalie Lesure gouf nämlech als Freelance-Curatrice vum CAL invitéiert a krut "Carte Blanche", fir e Projet ze proposéieren. Well d’Capacitéit vun engem Kënschtler, eppes ze verwandelen, si interesséiert ass d’Thema "Rebirth", also Renaissance, opkomm:
"E Kënschtler ass a sengem Schaffensprozess ni wierklech fäerdeg. Et ass ëmmer eppes Nächstes, wat kënnt an entwéckelt sech weider. An och hie selwer ass ni komplett zefridden domadder, mee et ass och grad dat wat iergendwéi interessant ass, datt do eng immens Dynamik ass."
An déi Dynamik spigelt sech och an de Wierker, déi ausgestallt sinn. 41 Kënschtler goufen zréckbehalen. De Vizepresident vum CAL, Bertrand Ney:
"Vun den 41 Artiste si 16 Membres titulaires vum CAL. Awer och 13 jonk Artisten ënner 36 Joer. Mir hunn och nach néng Exposante vun den Ateliers protégés."
D’Villfältegkeet vun de Kënschtler dréckt sech dann och an hire Wierker aus, a wéi si d’Thema interpretéiert hunn. D’Nathalie Lesure:
"Déi rout Fiedem, déi ech doraus erausgezunn hunn, ass datt sech Leit vu Mythologien a Legende vill inspiréiert hunn, mee och vu perséinleche Geschichten, Anekdoten, Hardships, déi se am Liewen haten an nei verschafft hunn, mee et sinn och méi konzeptuell an deelweis och humoristesch Approchen do gewiescht."
Diversitéit, mee och Koherenz ze hunn, war der Curatrice wichteg fir jidder eenzele Kënschtler trotz Gruppenexpo a Valeur kënnen ze sëtzen. Méi Informatiounen zu der Expo an d’Ouvertureszäite muer an e Sonndeg fannt der ënnert www.cal.lu.