Eng Lëtzebuerger Kënschtlerin wëll eis Relatioun zum Plastik-Offall hannerfroen
D’Charlotte Payet huet Plastik zu engem kënschtlereschen Outil gemaach. D’Lëtzebuergerin verwandelt plastiks Eeweefläschen a riseg Wierker vun zäitgenëssescher Konscht.
An hirem Atelier zu Recken verschafft si Fläschen, déi an der Natur bal 450 Joer brauchen, fir sech ze zersetzen. Hir Kreatiounen hannerfroen eis Relatioun zum Plastik-Offall - eis Konsumgesellschaft. Mat hire Skulpture gëtt d’Charlotte dësem Material eng nei Bedeitung, eng nei Form an en onerwaarte kënschtleresche Wäert.
Nom Konschtstudium an Däitschland ass d'Charlotte fir 6 Méint op Jerusalem gaangen. Do huet hatt ugefaange mat Plastik ze schaffen. An dat nodeems et vun der Quantitéit u Plastik-Offall an de Stroossen iwwerrascht war. Dëst Wierk ass 3 Meter breet a bal 5 Meter héich. Aus enger Fläsch kann d'Charlotte tëscht engem an 3 Meter plastiks Schnouer maachen.
D’Charlotte benotzt Eeweefläschen aus Plastik, déi si vu Frënn a Famill kritt. Oder déi si selwer an hirer Ëmgéigend fënnt. Zu Lëtzebuerg fale pro Joer a pro Persoun bal 36kg Plastik-Offäll un. An och wann hir Wierker aus ekologescher Siicht Sënn maachen, wëll d’Charlotte, datt se schéin a ästhetesch sinn.
Déi kënschtleresch Aarbecht ass d'Resultat vu laanger Recherche an Experimenter. Charlotte verwandelt hiren Atelier reegelméisseg an eng Aart Chemie-Labo, an deem si hir Iddien test. Am Moment ass si op der Sich nom ideale Material fir eng Aarbecht am Fräien, déi aus transparente Placke besteet. Hiert Zil: eng laanglieweg widderstandsfäeg Skulptur.
D’Charlotte Payet preparéiert grad eng Eenzelausstellung am Mee an Däitschland. An eng Gruppenausstellung am November zu Lëtzebuerg a schafft un engem monumentale Wierk, dat geschwënn an eisem Land ënner fräiem Himmel präsentéiert soll ginn. Eng Méiglechkeet, d'Ëffentlechkeet mat sengem kënschtleresche Wierk a senger Philosophie bekannt ze maachen, déi eis Konsumgesellschaft a Fro stellt, andeems hatt d'plastiks Material, dat eis ëmgëtt, nei erfënnt.