An der Chamber war um Donneschdeg op d'Demande vum LSAP-Deputéierte Franz Fayot eng Interpellatioun iwwert d'Archivéierungsgesetz vun 2018.

Et hat ee gehofft, datt mat deem Gesetz den Zougang zu historesch wäertvollen Dokumenter fir d'Fuerschung kloer gereegelt a méi einfach sollt ginn, d'Gesetz wier awer deemools schonn e Kompromëss gewiescht, mat enger Rei Lacunnen, esou de Franz Fayot. D'Gesetz hätt de Fuerscher no fir nei Problemer gesuergt a soll nach emol op de Leescht geholl ginn.

An der Debatt gouf dacks ënnerstrach, datt et ze laang Schutzfriste géifen an déi misste verkierzt ginn. De Franz Fayot huet ënnerstrach, datt d'Archive wichteg sinn fir eng Demokratie, déi gutt funktionéiert.

De Kulturminister Eric Thill sot, datt hie gespréichsbereet ass an och gewëllt ass, Retouchen um Gesetz vun 2018 ze maachen. En Zäitkader, esou wéi de Franz Fayot e gefrot hat, konnt de Minister awer net nennen.