E Mix aus antiken Dramen, universellen Aspekter a modernen Theemen
Am Groussen Theater gouf d’Première vun "Elektra" gefeiert - een Theaterstéck vun der besonnescher Zort.
De Filip Markiewicz ass virun allem als bildende Kënschtler a Museker aktiv, ma sporadesch och als Theaterregisseur.
Gäre bréngt hie klassesch Wierker an onkonventionellem Gewann op d’Bün. Elo ass et un der griichescher Tragedie vum Sophokles.
4 Schauspiller, 2 Performance-Kënschtler an 3 Museker, de Filip Markiewicz inclus, bréngen dem Sophokles säi Stoff aus dem 5. Joerhonnert viru Christus an d’Géigewaart. Si erzielen d’Tragedie ëm eng Fra, déi de Mord un hirem Papp räche wëll an iwwerdeems mat hirer eegener Identitéit an d’Hadere geréit. Fir d’Komplexitéit vum Charakter ervirzehiewen, gouf d’Elektra op 2 Rollen opgedeelt, gespillt vum Anouk Wagener an dem Lisa Schützenberger.
Mat hinnen op der Bün stinn d’Schauspiller Luc Schiltz a Luc Feit, wéi och d’Dänzer a Performance-Kënschtler Jeremiah Olusola a Joran Yonis.
Dem Filip Markiewicz seng Adaptatioun ass ee Mix aus antiken Dramen, universellen Aspekter wéi Vengeance a Gerechtegkeet a modernen Theme wéi Feminismus.
Sou villfälteg wéi den Inhalt vum Stéck ass och seng Inzenéierung. "Elektra" ass alles aneres wéi ee klassescht Theaterstéck. De Regisseur, deen och fir Bünebild, d’Kostümer, an d’Videoen zoustänneg ass, beschreift de Projet als Gesamtkonschtwierk.
Als Zuschauer kritt ee, wann ee sou wëll, eng ästhetesch a musikalesch Erfarung gebueden. Déi vill verschidden Zeene ginn net just vum Filip Markiewicz selwer, ma och vun de Museker Lars Neugebauer an Andrew Chudy (N. U. Unruh) atmosphäresch ënnerstëtzt.
Nach bis den 30. Mäerz inclus kann een "Elektra" am Groussen Theater erliewen.