De 17. Mäerz gouf de Film "Flucht aus Lissabon" mat der portugisesch-lëtzebuergescher Actrice Hana Sofia Lopes an der Haaptroll op ZDF viru ronn sechs Millioune Spectateuren diffuséiert.

An deene leschten Deeg ass den Handy vun der Hana Sofia Lopes net zur Rou komm. "Sief et Journalisten, Frënn oder Famill: D'Uriff komme vun alle Säiten. Ech hunn an deene leschten zéng Deeg méi Interviewe gi wéi an deene leschten zéng Joer! Ech hoffen, datt ech prett si fir alles, wat op mech duerkënnt." Déi portugisesch-lëtzebuergesch Actrice war am neie Film "Flucht aus Lissabon" zesumme mam Hans Sigl an der Haaptroll op der däitscher Tëleeschaîne ze gesinn. An dat virun engem grousse Publikum: 5,83 Millioune Spectateuren hu sech d'Produktioun vum Hans-Hinrich Koch ugekuckt, dat war 22,8 Prozent vum däitsche Marché an duebel sou vill Spectateure wéi bei der beléifter Show "Wer Wird Millionär" mam Günther Jauch.

D'Hana Sofia Lopes krut dës "gutt Noriicht" den Dag vun der Diffusioun op ZDF matgedeelt. "De Produzent hat mer ugeruff, fir mer d'Zuele vun de Spectateuren matzedeelen a mer ze soen, datt d'Chaîne méi wéi zefridde wier. Wéi ech den Dag drop erwächt sinn, hat ech schonn SMSe vu Journaliste krut. Den Adrenalinspigel war zanter e puer Wochen eropgaangen", huet d'Actrice de Kolleege vun RTL Infos gezielt. Wéi si weider verroden huet, soll si de Film bis zu der éischter Diffusioun selwer net komplett gesinn hunn "fir e mat der Famill ze kucken". "Ech si mer awer net sécher, ob ech dat déi nächst Kéier genau sou maache kann, well de Stress-Level bei mir schonn zimmlech héich war!"

Déi 35 Joer al Actrice mat portugisesch-lëtzebuergesche Wuerzelen huet e bësse gebraucht, fir den Ausmooss vum Succès vum Film ze realiséieren. "Eng Frëndin, mat där ech Rolling Stones am Stade de Bruxelles d'lescht Joer kucke war, huet mer kloer gemaach, dass 5,83 Millioune Spectateure bal 150 Mol méi Leit wiere wéi Mënsche beim Concert am Stadion waren. Do hunn ech et realiséiert."

An der Haut vun enger Fake-News-Ermëttlerin

An dësem Film, deen d'iwwer Kënschtlech Intelligenz a Walbedruch geet, spillt d'Hana Sofia Lopes eng Informatikerin mam Numm Sofia Moreno. Si soll ee Filter entwéckelt hunn, mat deem ee Fake News opdecke kann. "Et probéiert een,  mech ze manipuléieren, fir dass ech Walen an Afrika fälschen. Fir mech ënner Drock ze setze gëtt mäi Jong entfouert. Meng Figur muss sech also entscheeden, ob se hire Jong oder léiwer eng Natioun rette wëll.", sou resuméiert d'Hana Sofia Lopes hir Roll.

Déi polyglott Schauspillerin, déi siwe Sprooche schwätzt, gouf an der Héichschoul fir Theater a Kino zu Lissabon ausgebilt an duerno am Conservatoire supérieur d'art dramatique zu Paräis. Si freet sech, déi portugisesch Haaptstad op modern Aart a Weis an de Vierdergrond kënnen ze stellen. Et war déi éischte Kéier, dass d'Hana Sofia Lopes ee Long-métrage op däitsch gedréint huet. "Et war eng Erausfuerderung a fir éierlech ze sinn, hat ech geduecht, dass ech héchstens fir eng Nieweroll an de Casting gaange wier, och wann ech offiziell fir eng Haaptroll gaange sinn. Ech hat geduecht si géifen een däitsche Star huelen, an dass mäin Accent e Problem wier. Ma et war genau de Géigendeel: Grad den Accent gouf geschätzt. Fir mech war dat eng eemoleg Chance."

Eng Méiglechkeet, déi vläicht net Realitéit gi wier, wann d'Actrice a leschter Zäit net eng Rei schwéier Entscheedunge getraff hätt. "Ech sinn dacks net verstane ginn", huet si gezielt, mat enger Referenz op hire Succès bei der portugisescher telenovela "Coração d’Ouro" mat nëmmen 20 Joer. "A Portugal hunn ech all Owend virun 2 Millioune Spectateure gespillt. Et gouf mer gesot, ech sollt dovu profitéieren, ma ech wollt trotzdeem heiansdo léiwer aner, méi vertraulech Projeten uviséieren. Also sinn ech zréck an den Theater op Lëtzebuerg komm. Ech si vill gereest an hunn a ville Länner gedréint. Meng Prioritéit war ëmmer, dass ech mech just a Geschichten aschreiwen, déi mir gefall hunn, an net ob se vill gekuckt ginn oder bekannt sinn."

Eng Saach ass sécher: De Succès vu "Flucht aus Lissabon" ass e Meilesteen an hirem Parcours. D'Hana Sofia Lopes huet eng Rei weider Projeten an Ausbléck, zu deene si awer fir de Moment nach näischt soe kann. "Ech hunn e puer Méiglechkeeten, déi ech refuséiere muss, well dat net bei mäi Parcours passt. Et ass schwéier, mee ech wëll menger Linn trei bleiwen." Fir d'Tëschenzäit, huet d'Hana Sofia Lopes gestanen, misst si elo Mol e puer Deeg Loft huelen a "bëssen erofkommen". Och wann hiren Handy net laang roueg wäert bleiwen.