De Western "Rust" mam Alec Baldwin ass offiziell virgestallt ginn

© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/AFP/Archiv/Dimitrios Kambouris
Am Oktober 2021 war d'Kamerafra Halyna Hutchins wärend dem Tournage vum Film duerch Schëss aus enger Waff, déi als Requisite geduecht war, déidlech blesséiert ginn.
E Mëttwoch, dräi an en halleft Joer duerno, ass de Film offiziell virgestallt ginn. Och gouf en Trailer vu "Rust" verëffentlecht. De Realisateur Joel Souza huet dobäi betount, hien hätt domadder "gezéckt", de Film fäerdegzestellen, de Wittmann vun der verstuerwener Hutchins, hätt allerdéngs dorobber bestanen, well et der Kamerafra hiert lescht Wierk gewiescht wier.
Wärend dem Tournage am US-Bundesstaat New Mexico war d'Halyna Hutchins duerch d'Kugel vun engem Revolver déidlech blesséiert ginn. De Schauspiller Alec Baldwin, deen och d'Haaptroll am Film iwwerhëlt, hat dee Moment mat der Waff hantéiert. De Prozess géint de 66 Joer ale Baldwin wéinst homicide involontaire gouf am Juli zejoert gestoppt. Verurteelt gouf just déi fir d'Wafferequisiten zoustänneg Waffemeeschterin Hannah Gutierrez, dat zu enger Prisongsstrof vun annerhallwem Joer.
Den Alec Baldwin selwer war net bei der Virstellung vum Film present. "Rust" soll vum 2. Mee un an enger Rei US-amerikanesche Kinoe lafen.