De Ken Barthelmey entwërft zu Réiser Figure fir Hollywood-Filmer
De Ken Barthelmey huet scho fir Filmer wéi "The Maze Runner", "Godzilla" oder "Pokemon" Charakteren entworf. Dës entstinn a sengem fréiere Kannerzëmmer zu Réiser.
De Ken Barthelmey schafft zu Réiser, awer seng Kreature sinn a groussen Hollywood-Produktiounen ze gesinn. D’Charakteren, déi hien hei a sengem fréiere Kannerzëmmer entwërft, ginn duerno vu Millioune Leit weltwäit gesinn. Seng Passioun huet hien zum Beruff gemaach, et wier déi perfekt Mëschung, tëscht Filmer kucken a kreativ sinn.
Schonn iwwer 10 Joer schafft hien elo an dësem Beräich. De Gedanken, e sougenannte Concept-Artist ze ginn, deen da Figure fir Filmer entwërft, hat hie scho wéi e säin Ofschloss am Arts et Metier gepackt huet. De Ken huet 35 Joer, ka gutt vun dësem Beruff liewen a gëtt ëmmer nees vu Produktiounsfirme kontaktéiert. Am Ufank huet hien dann ëmmer eng Entrevue mam Regisseur an dann ass hien och nach relativ fräi. Hien entwërft da verschidde Figuren an iergendwann gëtt sech da fir ee bestëmmten Design entscheet. Den Ufank vum Prozess mécht hien dann och op der Hand, duerno gëtt dann alles am 3D um Computer gemaach. An iergendwann si seng Kreaturen dann a grousse Blockbuster ze gesinn. De Ken huet bis ewell un de Filmer "The Maze Runner", "Aquaman 2", an och "Godzilla: King of The Monsters" konnte matschaffen.
Seng Produktioune variéieren ëmmer immens vill. Mol ass et Science Fiction, Mol geet et an d’Richtung vu Fantasy. Hei zu Lëtzebuerg géingen et net sou vill Produktioun ginn, fir déi ee misst Monsteren entwerfen. Dem Ken seng Clientë kommen dofir haaptsächlech aus England oder Amerika. Mëttlerweil huet hie sech och seng Clientèle opgebaut, huet vill Opträg an huet mat senger Aarbecht och scho verschidde Präisser gewonnen.
Op Los Angeles selwer muss hie bal ni goen. Eng gutt Internetverbindung geet eigentlech duer, fir seng Aarbecht maachen. An Zukunft wéilt hie gäre vill méi eege Produktiounen duerchféieren, also Bicher a Filmer selwer entwerfen a verkafen. Dëst haaptsächlech, fir datt hien de Copyright behält. Aktuell entwërft hien dës Figuren, huet um Enn awer keng Rechter méi un hinnen. Dat wier no deem ville kreativen Input immens schued. De Ken Barthelmey ass mat senger Aarbecht op alle Fall scho wäit komm, och wann een hien net gesäit, ass seng Konscht en Deel vun Hollywood-Produktiounen.