Konschtausstellung vu Schüler a Schülerinne mat Autismus
Am Kader vum Welt-Autismus-Dag huet den Zentrum fir concernéiert Kanner eng Konschtausstellung an der Kulturmillen zu Biekerech organiséiert.
D’Konschtwierker goufe vu Schüler a Schülerinne mat Autismus gemaach. Um Mëttwoch ass d’Expo fir d’éischte Kéier opgaangen.
De Raum ass gefëllt mat Konschtwierker, keent d'selwecht wéi dat anert. Genau wéi beim Autismus gëtt et och bei de Biller eng grouss Villfalt. D’Ausstellung “ATYPIQUE” ass duerch d’Aarbecht vum Lëtzebuerger Autismus-Zenter (CTSA) zesumme mat Institutioune vun Oochen an Däitschland an Eupen an der Belsch entstanen.
D’Zil ass et, de Jugendleche mat Autismus méi Visibilitéit ze verschafen. D’Kreativitéit vun de Schüler kritt hei eng Plattform. Esou kënnen si hier Geschichten an Interessen duerstellen.
Den Numm vun der Expo hätt dobäi och eng ganz symbolesch Bedeitung, erkläert d’Direktesch vum CTSA, Sabine Angelsen:
“Atypesch ass och e bësse wéi neurodivergent, eben net neurotypesch. Dat heescht, dat sinn am Fong all déi Wierder, déi mir notzen fir ze soen, et ass net wéi aner Kënschtler géifen elo vläicht hir Saachen ausstellen. Et sinn zesummegewierfelt Wierker, wou Schüler sech selwer ausdrécken, ouni elo datt se Virgaben haten, wat et sollt sinn als Bild. An den Autismus ass esou divergent, do ass kee wéi deen aneren. Mir hu sou e schéint Spréchwuert, kennt een een Autist, da kennt een een Autist. An effektiv, dat ass esou. A voilà, dofir och atypesch, ebe fir dat e bëssen ze ënnersträichen.”
Och zu Biekerech ass d’ASBL Autismus Lëtzebuerg. Si beschäftegt sech domadder, de Leit mat Autismus Aarbechtsplazen ze schafen. Am Moment wier et awer net esou einfach, der Nofro fir adaptéiert Aarbechtsplazen hannendrun ze kommen. Et wier een iwwerlaascht, betount den Direkter vun der ASBL, Marc De Geest:
“Also hei si mer dann natierlech an engem adaptéierte Kader, wou mer da kënne kucken, d'Aarbechtsplaz sou vill wéi méiglech, op d'Besoine vun der behënnerte Persoun gerecht ze maachen. Mee och dat huet seng Limitten. Mir sinn, op där anerer Säit, awer och eng Gemeinschaft. Dat heescht, ganz oft maache mer hei d'Erfarung, dass vläicht fir all eenzel behënnert Persoun et gutt wär, en eenzele Kader ze schafen. Mee dat ass realistesch net dran. Et muss een och kucken an enger Gemeinschaft, da kënnen eens ze ginn. An do ass et wéi iwwerall, wou vill Leit sinn. Do mënschelt et. An dat ass bei eis och net vill anescht.”
Och bei der Organisatioun vun der Konschtausstellung wieren et verschidden Erausfuerderunge ginn. D’Sabine Angelsen:
“Fir d'éischt ass et mol: “Wat maachen ech?” Dat ass kloer, datt dat effektiv e grousst Fragezeiche war. An dann, mir hu Schüler, wou effektiv wëllen och d'Wierker zréckkréien. Dat ass wierklech en Deel vun hinnen. An hir Wahrnehmung, déi funktionéiert anescht wéi bei neurotypesch Persounen. A fir si ass et ganz wichteg, datt et ëmmer nach selwecht richt. Datt et elo net iergendeppes verbéit ass, datt et wierklech, esou wéi et ewech ginn ass, erëm zréckkënnt. An dofir hu mer och eng Foto vun deem Schüler elo hei, wou mer kënne awer säi Wierk weise kënnen. Fir eben dat ze evitéieren. An ech mengen, dat si Saachen, déi musse mer respektéieren.”
Et wier wichteg, en internationale Reseau tëscht den Institutiounen ze schafen an ze fleegen. An Zukunft wéilt een och nach aner Länner dobäi kréien. Duerch dës Zesummenaarbecht kéint een d’Sensibiliséierungsaarbecht verbesseren.
D’Ausstellung kann een nach bis den 8. Abrëll gesinn. Am November kënnt se op Oochen.