Et soll e franséische Chrëschtdagsfilm fir d'ganz Famill ginn an am beschten als Klassiker herno an d'Geschicht agoen. En ambitiéise Projet vun enger franséisch-belscher a lëtzebuergescher Co-Produktioun.

"Cher Père Noël" heescht d‘Komedie a soll nach dëst Joer an der Chrëschtdagszäit an de Kinoen ulafen.
 
Am Ganze si fir de Projet, deen 9 Milliounen Euro kascht, 41 Deeg Tournage geplangt an dovunner e bësse manner wéi d‘Hallschent zu Lëtzebuerg. Dës Hal am Fond-de-Gras gouf ëmfunktionéiert als Biscuiterie. Ënnert de Schauspiller si bekannt franséisch Acteuren, wéi de Patrick Timsit an d'Isabelle Nanty. An och eng franséisch-lëtzebuergesch Schauspillerin huet eng Roll am Film, d'Eugénie Anselin.

Déi zwou Kannerhaaptrolle goufen an der Belsch, a Frankräich an zu Lëtzebuerg gecast. Vun ënnert 400 Kanner hunn herno zwee kleng belsch Schauspiller am beschte gepasst. Am Ganze spille 75 Leit, ob Kanner oder Erwuessener am Film vum James Huth mat. Hien ass bekannt fir franséisch Komedien, wéi zum Beispill Brice de Nice. Et ass fir hien déi éischte Kéier, dass hien am Grand-Duché fir e Film schafft.