Geschwënn ass esou wäit! D'Laura Thorn mécht sech prett, fir op Basel ze fueren! An dës Kéier ass hatt net eleng: eng gebastelt Laura-Popp vun Iech wäert hatt nämlech begleeden.

Bis den 23. Abrëll leeft eise Concours fir Grouss a Kleng. Wat gefrot ass: Bastelt Är ganz eege Laura-Thorn-Popp a schéckt eis eng Foto dovun!

Pabeier, Fuedem, Stoff, Knäpp oder Woll – alles ass erlaabt! Dir kënnt eng Schabloun benotzen oder fräi gestalten. Ärer Kreativitéit si keng Grenze gesat. Wichteg ass just: D’Popp soll esou no wéi méiglech un dat richtegt Laura Thorn erukommen.

Wat Dir maache musst:

  • Bastelt Är Laura-Popp.
  • Schéckt eis eng Foto vun Ärem Meeschterwierk.
  • Mat e bësse Chance geet Är Popp mat op Basel op Eurovisioun.

Mir kucken eis Poppen alleguerte ganz genau un an da gëtt eng Gewënner-Popp ausgewielt. De Gewënner oder d’Gewënnerin gëtt vun eis kontaktéiert a kann d’Popp entweder perséinlech an d’RTL City bréngen oder eis se mat der Post zouschécken.

Mir freeën eis op Är kreativ Meeschterwierker  a si gespaant, wéi eng Laura-Popp sech mat op Basel mécht!

Als Inspiratioun: