Konscht vu blannem Komponist fir Blanner
D'Mona Lisa a Form vu Musek erliewen
Wéi kann ee Leit mat visueller Behënnerung Konschtwierker wéi dem Leonardo da Vinci seng "Mona Lisa" oder dem Edvard Munch säin "The Scream" zougänglech maachen?
Dat war d’Ausgangsfro vum Projet “Sound of a Masterpiece”. E blanne Pianist huet bekannten Toillen an eng immersiv Audio-Experienz ëmgewandelt a schaaft esou net just e Wierk fir blann Leit, mä och eng méi grouss Valeur fir all Visiteur, deen d’Konscht méi intensiv erliewe wëll. Konscht a Form vu Musek. Eng nei Experienz fir jiddereen.
Am meeschte gelies