2027 gëtt 1. Kéier Oscar fir de beschte "Stunt" verdeelt

© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/AFP/Archiv/Handout
Bei der 100. Editioun vun den Oscaren am Joer 2027* wäert eng éischte Kéier e Präis an der Kategorie "Stunt" verdeelt ginn.
"Mir sinn houfreg drop, déi innovativ Aarbecht vun dësen techneschen a kreative Kënschtler ze éieren", huet et en Donneschdeg vum Bill Kramer an Janet Young, de CEO an d'Presidentin vun der Oscar-Academie, geheescht. No wéi enge Krittären ausgewielt gëtt a wien d'Kandidaten definéiert, dat wäert an zwee Joer public gemaach ginn.
Zanter Jore scho gëtt vu Leit aus dem Secteur probéiert, fir en Award fir "Stunts" bei den Oscaren duerchzesetzen. Bei anere Film- a Fernseepräisser wéi zum Beispill dee vun der Screen Actors Guild existéiert dës Kategorie scho méi laang. An de leschte Joren hat d'Oscar-Academie en Oscar fir de Casting annoncéiert, deen eng éischte Kéier am nächste Joer wäert iwwerreecht ginn.
*D'Presseagence AFP schwätzt an hirer Dépêche vun 2027. Aner Medien an Agence nennen d'Joer 2028. D'Academie fir d'Oscaren huet sech dogéint 2027 gegrënnt an 2029 goufen déi éischt Präisser verdeelt.