Musek a Kultur, déi d’Leit méi no beienee bréngt. E Sonndegowend war mat der Lisa Yasko eng ukrainesche Deputéiert op Visitt zu Lëtzebuerg.

Ma net fir e politeschen Debatt, mee fir e musikalesche Concert. Woubäi Musek a Politik sech gutt kombinéiere loossen. Deputéiert, Musekerin, Produzentin vun Documentairen: d’Lisa Yasko huet vill Facetten. Et ass just e kuerze Besuch zu Lëtzebuerg virun der nächster parlamentaresch Sëtzung zu Kiew e Méindeg. Um Sonndegowend spillt si e Concert am “Gudde Wellen” an der Stad.

"Et ass en Instrument, dat d'Leit zesummebrénge kann an e Message eriwwerbréngt, deen heiansdo méi schwéier ass, mat politesche Mëttelen eriwwerzebréngen. D'Musek beréiert eis einfach méi," esou d'Lisa Yaso.

Et ass e bizaart Liewen a ville Stied uechter d’Ukrain. Fir e puer Stonnen den Dag ass et am Fong e ganzt normaalt Liewen. Bis, datt d’Sireenen nees virun neie Loftattacken warnen. Och de Kultur-Secteur struewelt duerch de Krich, erkläert d'Musekerin: "Vill vun de Museker struewelen. Vill vun hinne ginn an d’Arméi. Du hues Orchesteren, déi keng Museker fir Concerte méi fannen. Mir hunn am Fong vill Artisten an der Ukrain. Mee vill vun hinne si mëttlerweil an der Arméi."

An dat obwuel Theateren a Concertssäll reegelméisseg ausverkaaft sinn an d’Leit sech am Alldag wëllen oflenken. Dem Lisa Yasko seng Texter baséiere sech dacks op der Connectioun vum Mënsch zu sengem Land, sengem Ëmfeld an der Natur. An der Diversitéit vun der Ukrain:

"Eent vun de Lidder dat mer spille wäerten, ass e 'crimaen tatar' Lidd. Et ass eng Interpretatioun vun den Tataren aus der Krim. Am 20. Joerhonnert goufe se all forcéiert ze goen, a goufe vum Stalin an Usbekistan oder an Tatschikistan deportéiert. Ech zielen hei eng Geschicht iwwert d’Krim a vun de Leit, déi am Fong nees gären hire Buedem, hir Originnen, géifen erëmgesinn. Mee se kënnen net, obwuel se dovunner dreemen."

E Fait, dee sech net méi dierft widderhuelen, esou d’Artistin. Besonnesch Suerge mécht do déi rezent Ausso vum US-Sonder-Beoptraagte Kellog, deen déi ëmstridde Propositioun gemaach huet, international Kontrollzonen no enger Wafferou an der Ukrain anzeriichten, änlech ewéi zu Berlin nom zweete Weltkrich:

"D’Aart a Weis, wéi sech d’USA den Ament ausdrécken, mécht mer Angscht. Net just d’Ausdrocksweis. Ech fannen, datt d’Ausdrocksweis relativ geféierlech ass, well souguer wann een iwwer gewëssen Investissementer an der Ukrain oder an anere Länner schwätzt, wann een doriwwer schwätzt seng eegen Interessien an anere Länner ze verdeedegen, da sollt et op d’mannst eng diplomatesch Sprooch hunn. Et sollt d’Sprooch vum gesonde Mënscheverstand sinn an net eng barbaresch Sprooch. Déi Zort vu Sprooch ass rezent virun allem vu Russland benotzt ginn. An elo gesäit et aus wéi wann d’USA déi nämmlecht Sprooch benotzten, aus warscheinlech populistesche Grënn."

De Concert war e Sonndeg den Owend am "Gudde Wellen" a gouf vum Kulturministère matorganiséiert. Mat dobäi waren och 4 Lëtzebuerger Museker.