D’Aline Bouvy gouf 1974 zu Bréissel gebuer. Am Alter vu véier Joer ass si mat hiren Elteren op Lëtzebuerg geplënnert.

Mëtt den 90er Joren huet et si als jonk Fra nees an déi belsch Haaptstad gezunn. Dat fir hire Studium un der École de recherche graphique, kuerz ERG.

"Et war eng Schoul, wou s de kee Medium wierklech geléiert hues, ma et war eng Schoul, déi sech méi konzeptuell fir d’Projete vun de Studenten interesséiert huet a wou de Prozess sou wichteg ass wéi d’Endresultat oder villäicht och méi wichteg.", esou d'Aline Bouvy.

Dës Approche hat ee groussen Afloss op der Kënschtlerin hiert eegent kënschtlerescht Schafen. Och wann d’Aline Bouvy virun allem fir hir Skulpturen an Installatioune bekannt ass, si huet sech ni op bestëmmte Schemae festgeluecht a schafft mat deene verschiddensten Techniken. Et ass de Projet, deen d’Medium virgëtt.

Ee Material, mat deem sech d’Aline Bouvy gären a vill auserneesetzt, ass Jesmonit. Ee Gemësch aus mineraleschem Polver an Acrylharz, dat sech besonnesch liicht beschaffe léisst.

Hir Inspiratiounsquelle si sou divers a villschichteg wéi hir Wierker. Wat um Enn fir d’Kënschtlerin zielt, ass, sech d’Fräiheet ze loossen, Elementer zesummenzebréngen, déi op den éischte Bléck guer näischt mateneen ze dinn hunn.

Den Ament schafft d’Aline Bouvy parallel un hirer Ausstellung fir d’Biennale vu Venedeg 2026 an un der Solo-Ausstellung "Hot Flashes", déi ee vum 21. Juni bis den 12. Oktober dëst Joer am Stater Casino entdecke kann.