Schauspillerin Michelle Trachtenberg ass u Komplikatioune mat Diabeetes gestuerwen

© AFP
Nodeems d'Michelle Trachtenberg Enn Februar iwwerraschend gestuerwen ass, steet elo d'Doudesursaach vun der US-Schaupillerin fest.
De Gesondheetsautoritéite vun New York no hätte Komplikatiounen am Kader vun enger Diabeetes-Krankheet zum Doud vun der 39 Joer aler Fra gefouert. Dat mellt d'Noriichtenagence AP.
D'Resultater aus dem Labo hätten dann och dozou gefouert, datt d'Doudesursaach offiziell geännert gëtt. Bis ewell war déi nach als "onbestëmmt" vermierkt.
Detailer zu der Doudesursaach gouf et Enn Februar nach net, obwuel d'Autoritéite scho fréi net vun engem Verbriechen ausgaange sinn. Eng Rei US-Medien hate bericht, datt d'Michelle Trachtenberg eng Liewertransplantatioun hannert sech gehat hätt. Si war dout an hirer Wunneng zu Manhattan fonnt ginn.
D'Michelle Trachtenberg stoung schonn a jonke Jore virun der Kamera. Als Kannerstar hat si 1996 d'Haaptroll am Film "Harriet, die kleine Detektivin" an um Kannersender Nickelodeon war si ënnert anerem an der Serie "Pete & Pete" ze gesinn. De groussen Duerchbroch koum mat der Serie "Buffy", méi spéit war si dann och als Georgina Sparks an der Serie "Gossip Girl" ze gesinn.