Den Atelier a Luxair presentéiere Kollaboratioun iwwer 3 Joer
De Concertsorganisateur Atelier an d'Luxair hunn e Freideg eng Kollaboratioun a sëllege Festivitéiten virgestallt.
Highlight vun der Allianz vun den zwou Lëtzebuerger Entreprisen ass e Propellerfliger mat grousse Pechbiller, erkläert ee vun de Grënner vum Atelier, de Laurent Loschetter.
"Mam Design vum Atelier, dee mir elo och am Haff, am Bistro an um Daach vum Atelier hunn. Et si ganz vill Saachen, déi beienee kommen elo. Fir eis mécht et Sënn, mat der Luxair zesummen ze kommen. Déi zwou Firmen si wichteg fir Lëtzebuerg: d'Luxair bréngt Leit op Lëtzebuerg an och nees heem. An den Atelier zitt Leit heihi wéinst senge Concerten."
Dat gesäit och den Direkter vun der Lëtzebuerger Airline esou. Fir de Gilles Feith ass dat eng Kooperatioun, déi iwwer d'Emotioun kënnt. Musek a Fléie wieren emotional Aktivitéiten, esou de Luxair-Direkter. Nieft dem De Havilland Q400 am Atelier-Design hunn déi zwou Firme sech eng Aktioun afale gelooss: wann een e Concertsticket vum Atelier keeft, kritt een e Bong vun 20 Euro fir e Fligerticket vun der Luxair.
All déi Changementer sinn natierlech am Kader vum 30. Anniversaire vum Atelier. E gouf am Oktober 1995 vun e puer Frënn gegrënnt. E spontane Projet, dee sech bis haut gehalen huet. Antëscht huet de Promoteur eng 2.300 Concerten organiséiert.
Nieft ville Succèsen hätt een och Réckschléi missen erliewen. De Laurent Loschetter huet zum Beispill d’Festivalle Rock’a’Field a Siren’s Call genannt: Evenementer, déi méi kascht hunn, wéi se erabruecht hunn, an dowéinst net méi organiséiert ginn. Ma doraus hätt een och geléiert, esou de Fondateur vum Concertssall. Wëssen, mat deem een zanter e puer Joer elo déi grouss Concerten virun der LuxExpo realiséiere kann.
E Freideg goufen d'Festivitéiten deemno offiziell lancéiert. E Sonndeg ass eng gratis "Block Party" am Atelier an der Hollerecher Strooss. Déi grouss Gebuertsdagsfeier ass de leschte Weekend am Oktober. Do wäerten och eng ganz Rei Artisten optrieden. Déi goufen awer e Freideg nach net annoncéiert.
Hannert dem neien Design vum Atelier, deen och op Fan-Artikelen ze gesinn ass, stécht de franséische Kënschtler Loïc Lusnia.